Alerte JauneEt gëtt kal - mee keng wäiss Chrëschtdeeg a Siicht

RTL Lëtzebuerg
Wien dëst Joer op Schnéi fir Chrëschtdag gehofft huet, wäert warscheinlech enttäuscht ginn.
© Domingos Oliveira / RTL

Tëscht Dënschdeg den Owend 23 Auer bis e Mëttwoch ëm 10 Auer warnt déi national Wiederagence Meteolux mat enger Alerte Jaune zwar viru besonnesch kalen Temperaturen tëscht -10 a -6 Grad am ganze Land - Schnéi steet bis elo awer keen um Programm.

Dat wäert sech wuel och fir d’Feierdeeg net méi änneren. Bis en Donneschdeg wäert et gréisstendeels dréche bleiwen, mee um Hellegowend ass dann och emol mat Reen ze rechnen. Bei Temperaturen tëscht 4 a 7 Grad zitt den Himmel sech zou.

Och fir Chrëschtdag selwer mécht Kachelmann Wetter keng grouss Hoffnungen op wäiss Chrëschtdeeg. D’Wolleken dominéieren an owes kann et liicht reenen, dat bei Temperaturen ëm déi 9 Grad. Um 26. Dezember gëtt et Reen a Wolleke bei ëm déi 7 Grad.

TRAFIC: Aktuell Informatioune mat Kaart a Kameraen.
METEO: Wéi ass d’Wieder, wéi gëtt d’Wieder?

Back to Top
CIM LOGO