
De Gilles Roth huet am Interview mat RTL en Donneschdeg de Moien ugekënnegt, datt eng grouss chineesesch Assurancëfirma, déi 550.000 Leit weltwäit beschäftegt, “hiert europäescht Geschäft” vu Lëtzebuerg aus wäert maachen.
Aus dem Handelsregëster geet dann ervir, dass Taiping am Februar 2022 hei am Land eng S.A. registréiert huet. D’Entreprise selwer huet iwwerdeems matgedeelt, datt se hir Lizenz vum Commissariat aux Assurances Enn Mee krut.