
Méi genee, déi geplangten Exoneratioun vum Enregistrement op Vefaen, also Wunnengen, déi no Plang kaaft ginn. D'Exoneratioun soll gëllen, wa manner wéi 80 Prozent vum Bau ofgeschloss sinn.
De Romain Heinen warnt, déi Mesure wier méiglecherweis net verfassungskonform, well se d'Steieregalitéit géing a Fro stellen; tëscht deenen, déi knapps ënnert oder knapps iwwert dem Seuil kafen. Déi Mesure géing ausserdeem d'Dier grouss opmaache fir Abusen, sou eng weider Kritik, well sech d'Fro stellt, wéi déi 80 Prozent vum Bau definéiert ginn. Et wier fir d'Administratioun net ze kontrolléieren.
De Projet de Loi gesäit vir, datt d'Notairë musse kontrolléieren, wou de Bau drun ass, also ob e schonn zu 80 Prozent ofgeschloss ass oder net. De Romain Heinen freet dowéinst, wat d'Sanktioune fir d'Notairë sinn, falls déi Deklaratioune falsch sinn.