Invité vun der Redaktioun (19. Oktober)Fred Keup, ADR-Deputéierten a Fraktiounspresident

Annick Goerens
E Méindeg de Moien ass ënnert anerem déi rezent Sonndesfro Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

D’ADR ass an der neister Sonndesfro esou staark wéi nach ni. Mee wat stécht hannert deem Zousproch? A wéi eng Äntwerten huet d’Partei op Immigratioun, Kriminalitéit a Klimawandel? Doriwwer diskutéiere mir e Méindeg de Moie mam Fred Keup. Den ADR-Deputéierten a Fraktiounspresident ass kuerz no 8 Auer eisen Invité vun der Redaktioun.

LIVESTREAM Radio

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO