SonndesfroADR mat 12,8% esou staark ewéi nach ni

Céline Eischen
Kevin Kayser
Wann e Sonndeg géif gewielt ginn, dann hätt d’ADR mat 12,8 Prozent an 8 Sëtz hiert beschte Wal-Resultat.
De Michel Lemaire (ADR) bei senger Inauguratioun an der Chamber.
De Michel Lemaire no senger Vereedegung an der Chamber.

D’CSV-DP-Koalitioun kënnt och an der neister Editioun vun der Sonndesfro an Optrag vum Lëtzebuerger Wort an RTL op 30 Sëtz an hätt domat keng Majoritéit méi. Am Verglach mam Oktober 2023 gewannen deemno déi Gréng an d'ADR allebéid dräi Sëtz, d'DP an d'LSAP gewannen all Kéier mat engem Sëtz liicht. D'CSV (-6) an d'Pirate (-2) verléieren.

Fir déi neisten ILRES-Etüd, déi am Optrag vun RTL an dem Lëtzebuerger Wort tëscht dem 22. September an dem 2. Oktober gemaach ginn ass, goufen am Ganzen 1.829 walberechtegt Persounen an de véier Walbezierker befrot. Esou wéi et och an der leschter Editioun vun der Sonndesfro am Mee 2026 de Fall war, géif déi aktuell CSV-DP-Koalitioun keng Majoritéit an der Chamber méi kréien.

D'Regierung hätt keng Majoritéit méi

D'CSV an d'DP kéimen deemno allebéid op 15 Sëtz, am Verglach mam Sondage vum Mee 2026 hale béid Regierungsparteien also hire Score a gewanne béid liicht. D'CSV nämlech 1 Prozentpunkt an d'DP 0,2 Prozentpunkten. Dat heescht awer och, datt d'Partei vum Premier Luc Frieden weider wäit ënnert hirem Score vun de Walen am Oktober 2023 bleift. Aktuell huet d'CSV um Krautmaart 21 Sëtz, dat wier also ee Minus vu 6 Sëtz. Mam Oktober 2023 verglach, wënnt d'DP ee Sëtz bäi. A Prozenter verléiert d'CSV also siwe Prozent a fält vun 29,8% op 22,8%. De Koalitiounspartner DP klëmmt vun 19,2% op 21,7%.

D'Resultater am Detail

Déi gréissten Oppositiounspartei LSAP kéim op 12 Sëtz, dat ass ee Sëtz méi wéi bei de leschte Walen, dat mam selwechte Score a Prozenter (18,2%). Ze preziséieren ass awer och, datt de Ben Polidori an dëser Legislatur vun de Piraten an déi sozialistesch Fraktioun gewiesselt ass. Am Verglach mat der Sonndesfro aus dem Mee 2026 verléiert d'Aarbechterpartei awer zwee Sëtz a fält vun 20,9% op 18,2%.

D'ADR géif vun hiren aktuell fënnef Sëtz um Krautmaart op aacht Sëtz klammen, dat ass ee Plus vun 3,2 Prozentpunkten. Domat verbessert d'ADR hire Score aus dem Mee 2026 ëm 1,4 Prozentpunkten, respektiv ëm ee Sëtz, op 12,8 Prozent. Dat wier dat historescht bescht Resultat fir d'ADR. D'Alternativ Reformpartei hat iwwregens 1999 hiert bis elo bescht Walresultat bei Chamberwalen, dat mat 11,3 Prozent a siwe Sëtz.

Och déi Gréng leeën am Verglach mam Mee 2026 ee Sëtz bäi, par rapport zu hirem Walresultat aus dem Oktober 2023 wier dat ee Plus vun dräi Sëtz. Déi Gréng wieren domat mat siwen Deputéierten an der Chamber vertrueden a léiche bei 10,0 Prozent (+1,7 Prozentpunkten).

D'Pirate kënnen hir Verloschter aus de leschten Ëmfroen net opfänken: Wann e Sonndeg géif gewielt ginn, géife si weiderhin zwee Sëtz verléieren an hätte just nach ee Vertrieder am Parlament (-2,7 Prozentpunkten).

Keng grouss Verännerung deemno bei deene Lénken: Si bleiwe bei zwee Deputéierten an der Chamber, wannen a Prozenter am Verglach mam Oktober 2023 awer liicht bäi (1,9 Prozentpunkten).

Gambia mat 34 Sëtz a confortabeler Majoritéit

Eng Regierungskoalitioun ënner zwou Parteie wier dann och dësem Sondage no net méiglech. Mat 34 Sëtz hätt eng méiglech Koalitioun vun DP, LSAP an déi Gréng eng confortabel Majoritéit um Krautmaart.

Den Detail

1.829 walberechtegt Persounen hu bei der Sonndesfro matgemaach: Dës goufe vum 22. September bis den 2. Oktober souwuel online (680 Interviewen) wéi och iwwer Telefon (1149 Interviewen) befrot. Matgemaach hu 523 aus dem Walbezierk Zentrum, 713 aus dem Süden, 318 aus dem Norden an 275 aus dem Osten.

D'Detailer sti wéi ëmmer och um Internetsite vun der Autorité luxembourgeoise indépendante de l'audiovisuel Alia.lu.

Nieft der Sonndesfro hu mer an dëser Editioun nach siwen Zousazfroe gestallt. Eng vun de Froe hunn mer op dësem Dënschdeg direkt opgegraff, déi aner sechs ginn e Mëttwoch um 17 Auer publizéiert.

Back to Top
CIM LOGO