Déifferdeng ass säin Doheem. Och politesch. Hei huet de Gary Diderich sech iwwer Joren engagéiert, sech mat lokalen Dossiere beschäftegt a fir seng politesch Iwwerzeegunge gekämpft. Elo kënnt eng nei Erausfuerderung dobäi. De Politiker vun déi Lénk réckelt an d'Chamber no an iwwerhëlt de Sëtz vum Marc Baum. Dat am Kader vum Rotatiounsprinzip vu senger Partei. Een Ament, op deen hie sech scho méi laang virbereede konnt.
"Et ass schonn eng gesond Opreegung, déi awer do ass, an och Virfreed", erzielt hien. "Et huet een elo bal dräi Joer gehat, fir sech dorobber anzestellen. An iergendwa seet een och: 'Gutt, dass de Moment elo kënnt, datt et lassgeet'."
Seng éischt politesch Erfarunge ginn zeréck an d'1990er Joren. Als jonke Bouf huet de Gary Diderich d'Protester géint d'Mülldeponie um Ronnebierg zu Déifferdeng matkrut. Spéider, am Lycée, huet hie bei enger Zukunftswerkstatt vum Mouvement Ecologique deelgeholl.
"Do ass vill Bewosstsinn entstanen. Do ass dat Emotionellt och komplettéiert gi mat Wëssen, mat Bewosstsinn", erënnert hie sech. Fir d'éischt huet hie sech an der Zivilgesellschaft engagéiert, eréischt duerno ass d'Parteipolitik dobäikomm: "D'Saache mussen och an den Institutiounen ëmgesat ginn iergendwann."
2009 ass hie bei déi Lénk komm. Eng perséinlech politesch Karriär wier dobäi net säin Haaptzil gewiescht. "Et ass net dowéinst, wou ech mech politesch engagéiert hunn, fir an d'Chamber ze kommen", betount hien. Säin neit Mandat gesäit hien éischter als Responsabilitéit fir "déi Changementer ze bréngen, déi mir an déi Lénk a ville Leit an der Gesellschaft wichteg sinn".
Besonnesch ee Beräich huet säi politescht Engagement gepräägt: de Logement. Den Ausléiser war d'Geschicht vun engem Bekannten, deen an engem klenge Motelzëmmer gelieft an dofir en héije Loyer bezuelt huet.
"Wat mech wierklech revoltéiert huet. Dat ass, wéi ech am Beräich Logement matkritt hunn, wat do fir Zoustänn herrschen", erzielt de Gary Diderich. Hien hätt sech doropshin ëmmer méi intensiv mam Locatiounsgesetz an de Rechter vun de Locatairë beschäftegt.
Duerch Campagnen a benevollen Engagement hätt hien ëmmer méi Betraffener kennegeléiert. "Ech hunn ëmmer méi Fäll entdeckt a wéi schlëmm d'Situatioun fir ganz vill Leit ass. A Cafészëmmeren, an Haiser, déi an Zëmmeren ënnerdeelt gi sinn, a wéi Leit do wierklech ausgebeut ginn.“
Fir hien ass kloer: "Dat do ass Lëtzebuerg net wierdeg, dat ass kengem Mënsch wierdeg an dat muss änneren.“
Politesch fuerdert de Gary Diderich dofir virun allem eng Limitatioun vun de Loyeren. "Déi éischt Prioritéit mussen d'Loyere sinn, déi musse gedeckelt ginn", seet hien. Donieft misst méi an den ëffentleche Wunnengsbau investéiert ginn. Och géint eidelstoend Wunnenge misst méi konsequent virgaange ginn, ënner anerem mat enger Steier op Leerstand.
Déi Lénk hunn an der Chamber just zwee vu siechzeg Sëtz. De Gary Diderich ass sech bewosst, datt d'Méiglechkeete vun enger klenger Oppositiounspartei begrenzt sinn. Trotzdeem verweist hien op Initiativen, déi seng Partei an der Vergaangenheet ugestouss hätt.
Och seng lokal Erfarung géif him Courage maachen. "Wéi ech mech laang genuch dru gehalen hunn, huet och d'Déifferdenger Gemeng endlech wierklech an den ëffentleche Wunnengsbau investéiert", seet hien. "An ech denken, och an enger Chamber kann een de Match esou maachen."
Nieft dem Logement wëll hie sech mat Ëmwelt-, Klima- an Energiepolitik beschäftegen. Besonnesch d'Sanéierung vu Gebaier wier fir hien e Beispill, wéi sozial an ekologesch Froen zesummenhänken. Besser isoléiert Haiser géifen net nëmmen Energie spueren, mee och d'Käschte fir d'Bewunner reduzéieren.
Déi nei Aufgab bréngt awer och Erausfuerderunge mat sech. Well déi Lénk nëmmen zwee Deputéiert hunn, missten déi eng grouss Zuel u politeschen Dossieren ofdecken. "Do wäerte ganz vill Theemen op eis duerkommen, déi net eis prioritär Theeme sinn“, erkläert de Gary Diderich. Eng gutt Virbereedung zesumme mat de Mataarbechter vun der Fraktioun wier dofir entscheedend.
E Mëttwoch, de 14. Oktober, steet seng Vereedegung um Ordre du jour vun der Chamber. De Wiessel vum Marc Baum op de Gary Diderich war am Kader vum Rotatiounsprinzip vun déi Lénk scho méi laang geplangt.
Fir de laangjärege Gemengepolitiker fänkt domat en neit Kapitel un. Säi politescht Zil bleift awer dat selwecht: gesellschaftlech Verännerungen unzestoussen. Ob hien dat och um nationale Plang fäerdegbréngt, wäert sech an den nächste Méint weisen.