Hien ass eent vun den zwee neie Gesiichter vun déi Lénk, déi déi aner Woch an der Chamber vereedegt ginn an de Moien schonn eisen “Invité vun der Redaktioun”.
Mam fréiere Co-Parteispriecher a laangjärege Gemengepolitiker Gary Diederich schwätze mer e Freideg um 8 Auer iwwer Loyersdeckelen, d'Steierreform an den Ëmgang vum Déifferdenger Schäfferot mat engem Bedruchsfall, deen d'Allgemengheet iwwer 400.000 Euro kascht a wou de Buergermeeschter weiderhin all Schold vu sech weist.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.