Besonnesch prezisGéoportail gëtt et elo och an 3D

Jeannot Ries
Aus 82 Milliarde Punkten gëtt eng Kaart geschaaft, déi de Leit da gratis zur Verfügung steet. Mat verschiddenen Parameteren, déi ee selwer wielen kann.
Géoportail gëtt et elo och an 3D
An der Moyenne gräifen all Dag eng 5.000 Leit op d’Plattform Géoportail zeréck.

An der Moyenne gräifen all Dag eng 5.000 Leit op d’Plattform Géoportail zeréck. Vun der Privatpersoun, déi zum Beispill wësse wëll, ob en Haus an enger Iwwerschwemmungszon steet, iwwer eng Verwaltung, déi Abléck an de Solar-Cadaster brauch, bis zum Architekt, deen e Projet ausschafft. 800 verschidden Themeberäicher sinn der Ëffentlechkeet zougänglech. Vun elo un dann och an der 3. Dimensioun. An dat mat enger extremer Prezisioun.

D’Kaarten evoluéiere konstant. Den Tom Wantzenrieder ass vu Beruff Geo-Informatiker. Den Ament schafft hien, op Basis vun där sou genannter 3D-Punkt-Wollek, déi de Fliger 2019 opgeholl huet, um 3D-Modell vun der Hesper-Bréck.

Et ass eng Aarbecht, déi mat vill Gedold verbonnen ass. Fir den 3D-Modell vun der Bréck, op der Héicht vum Tossenbierg zu Mamer, huet den Tom Wantzenrieder fënnef Stonne gebraucht. D'3D-Kaarte kënne sech net just Architekten, ma och Privatleit, souguer

iwwer en 3D-Printer selwer erausdrécken.

Georportail.lu: Offiziellen 3D-Modell vum Lëtzebuerger Territoire (01.08.2022)

Back to Top
CIM LOGO