Persounekarussell um HaffGilio Fonck soll neie Personalchef ginn

RTL Lëtzebuerg
Et gi weider personell Nouvellen um Haff: Op engem vun de wichtegste Poste soll de Gilio Fonck d'Soen hunn - nämlech als Personalchef.
© RTL-Archiv

De Gilio Fonck ass aktuell de Chef vun der Representatioun vun der EU-Kommissioun hei am Land. Ee Posten, dee virdrun d'aktuell Maréchale de la Cour Yuriko Backes hat. Dës Informatioune stinn e Freideg um Site vu Reporter.lu, wou et och d'Informatioun ass, datt de Gilio Fonck Ex-President vun der JDL war.

Parallel zu dëser Nominatioun, déi vum 1. September u gëllt, kritt de Grand-Duc mam Marc Baltes e neie Beroder. Domat ersetzt de Marc Baltes u sech de Chef de cabinet vum Grand-Duc, de Michel Heintz, deen den Haff "op eegen Demande" verlooss Hätt, wéi et um Site vu Reporter.lu heescht. De Marc Baltes sengersäits war bis ewell Beroder am Cabinet vum Staatsminister Bettel.

Wéi et heescht, wieren och d'Nominatioune vu Marc Baltes a Gilio Fonck an enger Concertatioun tëscht dem Staatsminister an dem Staatschef geschitt.

Eng aner rezent Nominatioun um Haff war déi vum Norbert Becker zum neien "Administrateur des Biens".

Back to Top
CIM LOGO