Nodeems um Haff schonn e puer Plazen nei besat goufen, gouf e Mëttwoch e weidere Wiessel an engem Schreiwes matgedeelt.

Vum groussherzoglechen Haff ass et d'Nouvelle, dass den Albert Wildgen net méi President ass vun der Administratioun fir dem Grand-Duc seng Gidder. De Banquier an Administrateur Norbert Becker iwwerhëlt déi Charge.

Hien huet och viru Wochen, nom Waringo-Rapport, eng Roll iwwerholl als externe Beroder bei der Nei-Organisatioun vun der Verwaltung an och der Personal-Politik um Haff.

Et geet ënner anerem ëm méi Transparenz am Organigramm. Den Online-Magazine Reporter mellt an deem Kontext, dass de Michel Heintz als "Chef de Cabinet" um Haff entlooss sollt ginn, well dat néidegt Vertraue gefeelt huet.

Déi Entloossung war awer ouni den Accord vum Staatsminister Bettel geschitt. De Xavier Bettel, esou Reporter, soll de Grand-Duc drun erënnert hunn, dass Decisioune vun där Envergure net ouni Accord vun der Regierung kënne passéieren.

D'Entloossung vum Michel Heintz wier doropshi réckgängeg gemaach ginn. Hie kéint längerfristeg eng Plaz an enger anerer Administratioun um Haff kréien.

Vum Haff ass et op RTL-Nofro d'Äntwert, dass een dat Ganzt net weider kommentéiere wëll. De Michel Heintz wier weider Chef de Cabinet vum Grand-Duc.

Wann et zu Changementer beim Personal vum Haff sollt kommen, wäert den Haff och transparent doriwwer kommunizéieren.

Communiqué

LE MARÉCHALAT DE LA COUR COMMUNIQUE

Après 12 ans de bons et loyaux services, M. Albert Wildgen s'est retiré de sa fonction en tant que président de l'Administration des Biens de Son Altesse Royale le Grand-Duc.

M. Norbert Becker a été nommé président de l'Administration des Biens de Son Altesse Royale le Grand-Duc à partir du 10 juin 2020.