Um BelvalGréissere Policeasaz wéinst Sträit tëscht e puer Persounen

Samantha Weber
D'Police war e Méindeg am Nomëtteg wéinst engem Sträit tëscht engem gréissere Grupp Leit op de Belval geruff ginn.
Um Belval sollt et e Sträit tëscht e puer Leit ginn hunn.
© Maxime Gonzales/ RTL Archiv

E Méindeg kuerz viru 16 Auer war d'Police wéinst engem Sträit op de Belval geruff ginn. Wéi de Policespriecher Ben Eich RTL op Nofro hin erkläert, wieren direkt e puer Patrullen zesumme mam Policehelikopter op d'Plaz geschéckt ginn, well et e gréissere Grupp Leit sollt sinn.

Op der Plaz konnten d'Beamten awer keng Leit untreffen an et gouf och soss näischt Verdächteges fonnt.

De Policespriecher preziséiert weider, datt Stand 17 Auer nach vereenzelt Patrullen an der Géigend ënnerwee wieren, fir Presenz ze weisen.

Back to Top
CIM LOGO