3.451 Visièren, sou vill goufe bis e Samschdegowend 8 Auer via e Facebook-Grupp zu Lëtzebuerg mat 3D-Drécker produzéiert.
D'Initiativ, déi viru Kuerzem réischt vun engem Grapp voll Privatleit lancéiert gouf, huet deemno e volle Succès.
LINK: Solidaritéit a Krisenzäiten: Opruff u Leit mat 3D-Printer, fir Produktioun vu Protektiounsmaterial Nom Opruff hu sech net nëmme Privatleit, ma och Lycéeën, Institutiounen a Firmae bereet erkläert, fir Drécker zur Verfügung ze stellen.
Méi wéi 750 Leit, déi en 3D-Printer hunn, maache mat.
Op d'mannst 200 Leit waren Enn der Woch schonn aktiv am Gaangen, fir ze printen a mat der frësch geprinter Wuer dann déi 6 Dropoff-Statiounen am Land ze beliwweren, dorënner:

Och d'Verdeelung vun de Visièren ass voll am Gaangen. Sou goufe bis e Samschdegowend 1.257 Masken u Spideeler an Altersheemer verdeelt, notamment och op Bartreng, wou et jo an engem Fleegeheim besonnesch vill Coronavirus-Fäll schéngt ze ginn.
Wëllt Dir 3D Print - Let's Fight Corona Luxembourg ënnerstëtzen, da surft op hirer Facebooksäit laanscht a klickt hei.
Iwwerdeems ass et de Message vum Grupp, datt bei der Produktioun den Ament virun allem Lastike gebraucht ginn.