Zuele vun der SantéHausse bei den Otemwee-Erkrankungen

RTL Lëtzebuerg
Lo ass Hierscht a mam méi fiichten a kille Klima zitt och d’Zuel vun den Otemwee-Erkrankungen am Land nees un.
D'Santé mellt 51 registréiert Grippe-Fäll an 134 Covid-Infektiounen.
© AFP

D’Santé huet en Donneschdeg de Moien nees Zuele publizéiert aus der der Woch vum 28. September bis de 4. Oktober.

Do goufen 51 Fäll vun der Gripp offiziell vun engem Labo registréiert, par rapport zu 28 Fäll déi Woch virdrun an 134 Covid-Infektioune par rapport zu 105 Fäll déi Woch virdrun.

Zanter véier Wochen zéien do d'Infekiounschiffren nees un.

D'Schreiwes vum Gesondheetsministère

Back to Top
CIM LOGO