D’Entréeën a Sortien vun de Päck, déi do gesënnert ginn, fir ob déi richteg Destinatioun ze kommen, verduebele sech iwwer d’Feierdeeg am Dezember bal a klamme vun de ronn 25.000 Päck den Dag op ronn 45.000 Stéck.
An dësem Service schaffen eng 200 Mataarbechter an dräi Schichte ronderëm d’Auer, siwen Deeg an der Woch an 365 Deeg am Joer.
Dem Direkter vu Post Courrier, dem Mario Treinen, no muss e Pak ëmmer a Beweegung sinn, well d’Zäit de wichtegste Faktor ass an der onbaarmhäerzeger Welt vun den Online Bestellungen.
Weider Informatiounen iwwert d’Retoure-Verhale vun de Lëtzebuerger am europäesche Verglach fannt Dir an eisem Artikel.