Retoure beim OnlineshoppingZu Lëtzebuerg gi ronn fënnef Prozent nees zeréck

RTL Lëtzebuerg
Däitschland steet an Europa op der éischter Plaz: All véierte Pak geet zeréck. Zu Lëtzebuerg behalen d'Leit nëmme ronn 5 Prozent vun de Päck net.
© Shutterstock / Africa Studio

Am Joer 2021 hunn eis däitsch Nopere Saachen am Wäert vun insgesamt 99 Milliarden Euro am Internet bestallt. An all véierte Pak dovu geet ganz oder mat engem Deel vun der Wuer nees zeréck. Fuerscher vun der Universitéit Bamberg bestätegen, dass déi Däitsch dat Joer ronn 530 Colise mat iwwer 1,3 Milliarden Artikelen aus dem Netz net gehalen hunn. Zu 91 Prozent handelt et sech dobäi ëm Schong a Gezei.

Eng Etüd weist, dass bal zwee Drëttel vun den däitsche Keefer hir Saachen zeréck schécken, wa si net zefridde sinn. Den Duerchschnëtt a ganz Europa läit bei nëmmen 52 Prozent. Zudeem briechen och nees zwee Drëttel vun den Däitschen hire Kaf of, wann si op der Websäit keng Informatiounen zu de Retoure fannen.

“50 Prozent vun de Retoure kéinte vermeit ginn, wa sech de Keefer d’Beschreiwung duerchliese géing”, kritiséiert en Händler. “Wann e Client an d’Stad akafe geet an näischt fënnt, kënnt keen op d’Iddi, d’Sue fir de Parking zeréck ze fuerderen”, seet een aneren.

Virun allem a Punkto Ressourcen an CO2 missten d’Cliente sensibiliséiert ginn. E Retour ass net nëmme mat Aarbecht, ma och mat Käschte fir den Händler verbonnen. Grouss Betriber wéi Zalando bidde gratis Retouren un, ma kleng Händler hätten domat ze kämpfen. “Fir all Retour belafe sech d’Käschte fir den Transport an d’Beaarbechtung op 6,95 Euro”, erkläert de Björn Asdecker, Leeder vun enger Fuerschungsgrupp fir Retouremanagement. Kleng Händler hunn zudeem däitlech méi héich Käschte wéi grousser.

Wisou hunn déi Däitsch esou vill Retouren?

Wéi grad erwäänt hu mer do och schonn ee vun den Haaptgrënn: Déi Meescht si fir de Keefer net mat zousätzleche Käschte verbonnen. Nëmmen all zéngten Ubidder verlaangt eppes dofir, am europäeschen Ausland ass et dogéint all zweeten.

Zudeem huet een an Däitschland däitlech méi laang Zäit, fir eppes zeréck ze ginn, wéi am Recht vun der EU. Zu gudder Lescht bestellen eis Nopere vill méi op Rechnung wéi aner Europäer. Dat mécht e Retour natierlech méi einfach, wéi bei enger Commande , déi een am Viraus bezilt.

Wéi steet Lëtzebuerg am internationale Verglach?

Informatioune vun der Post no ginn d’Lëtzebuerger maximal fënnef Prozent vun de Bestellungen nees zeréck. No Black Friday wieren et der e bësse méi, well bei dëser Occasioun besonnesch vill bestallt gëtt. Doduerch an och wärend Niklosdag an de Chrëschtdeeg, erreecht de Centre de Tri de “Peak” vum Joer. Am Duerchschnëtt klëmmt d’Unzuel un de Päck, déi hei ukommen an de Centre och nees verloossen vu ronn 25.000 op ongeféier 44.000 pro Dag.

Wisou mir manner zeréck schécken, ass schwéier soen. Deels kann et doru leien, dass een dacks fir e Retour bezuele muss, deels dorun, dass vill Ubidder guer net an de Grand-Duché liwweren. Dacks bestellen d’Lëtzebuerger eppes a loossen et dann op eng Pick Up Statioun an d’Ausland liwweren a vun do aus musse mer et dann och nees zeréck schécken.

Wéi stitt Dir zum Thema “Onlineshopping”?

Mir wollten et wëssen. Bestellt Dir reegelméisseg Saachen am Internet oder gitt Dir léiwer an e Buttek? Wéi dacks schéckt Dir eppes zeréck? A wann der dat maacht, wat sinn dat fir Saachen?

Wéi stitt Dir zum Thema "Onlineshopping"?
Bestellt Dir reegelméisseg Saachen am Internet oder gitt Dir léiwer an e Buttek? Wéi dacks schéckt Dir eppes zeréck? A wat?

Wéi genau d’Aarbecht am Centre de Tri ausgesäit a wéi eng Bestellung de Wee virun eis Hausdier fënnt, gesitt Dir den Owend an engem neien Episod vun “Top Secret” um 19 Auer am Magazin op RTL Télé.

Sourcen

Back to Top
CIM LOGO