Zu Ettelbréck am Lycée goufen e Freideg Hëllefsgidder gesammelt. Destinatioun: ukrainesch Grenz a Polen.
No hirem Asaz de leschte Summer am Ahrtal wollten d’Membere vun der Amicale och bei dëser humanitärer Katastroph en Zeeche setzen. Et gouf triéiert an duerno a Këschte verpaakt. Beschrëft an englescher ewéi och ukrainescher Sprooch.
D’Amicale vun den Ettelbrécker Pompjeeën huet och Sue gespent kritt.
An de Raimlechkeete vum Lycée Technique goufen d’Spende vun de Leit entgéintgeholl. Hei konnt alles gutt stockéiert a getässelt ginn.
Iwwer 30 Palette koumen iwwer e puer Deeg zesummen. Déi goufen e Freideg an de Camion gelueden an e Sonndeg de Moien um 9 Auer huet sech dësen an Direktioun Polen op de Wee gemaach.
