Onprofessionellt verhale bei der ITM?ITM-Direkter wëllt Reprochë vun der Horesca esou net stoe loossen

RTL Lëtzebuerg
E Freideg de Moien hat de President vun der Horesca, Alain Rix, verschidde Reprochë vis-à-vis vun der ITM geäussert.

D’Inspection du Travail et des Mines kéint d’Aarbechter och nëmme kontrolléieren, wa se och effektiv schaffen, esou d’Reaktioun vum Direkter vun der ITM, Marco Boly, op d’Reprochë vun der Horesca.

De President vun der Federatioun vun den Hotelieren a Restaurateuren, Alain Rix, war e Freideg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun an huet fonnt, dass d’Beamte vun der ITM dacks zu onpassende Momenter géife laanschtkommen. Donieft huet hie behaapt, si géife sech och net ëmmer ganz professionell verhalen. Eng Ausso, déi de Marco Boly, ouni konkret Informatiounen, net ka stoe loossen.

Bei der ITM géing ee versichen, fir der Aufgab vun de Kontrolle par rapport zu de gestëmmt Gesetzer vun der Chamber esou gerecht wéi méiglech ze ginn. An do kéint de Marco Boly net domadder liewen, datt Aarbechtsinspekteren iwwert esou Aussoen denigréiert ginn. Hie géing gäre wëssen, wat geschitt ass a wéini dat geschitt ass. Fir datt een och dogéint kéint virgoen, well esou Aussoe géingen net dozou bäidroen, dass Vertrauen an d’ITM an och an aner Verwaltunge gestach ginn, sou nach de Marco Boly.

Extrait Marco Boly

Weider wiert den ITM-Chef sech dogéint, dass ee genuch Personal hätt. Et kréich een ëmmer weider Aufgaben derbäi, esou dass och ëmmer méi Leit dofir missten agestallt ginn.

Back to Top
CIM LOGO