E Freideg de Moien war de Secteur vun de Restauranten, Bistroen an Hoteller de Sujet am "Invité vun der Redaktioun".

Et sinn zwou Parteien, déi wësse wat se maachen - esou jugéiert den Alain Rix déi warscheinlech nei schwaarz-blo Regierung. De President vun der Horesca war e Freideg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun an huet erkläert, dass d’Keesen an de Restaurante, Bistroen an Hoteller méi eidel ginn.

Invité vun der Redaktioun: Alain Rix

Et kéint een net vun enger Kris schwätzen, mä mat den Zënsen, déi an d‘Luucht gaange sinn, géifen d’Leit manner eraus goen a méi spueren. Se géinge manner an de Restaurant goen oder guer net méi, se géinge just nach ee Glas Wäin drénken an net méi eng Fläsch. An dat géing sech duerno kloer am Ëmsaz vum Horeca-Secteur weisen. Et géing een nach gutt Chiffres d'affaires maachen, mee d'Marge wier net méi do. Dat wiere just 4-5 Prozent, an domat kéint een net méi liewen, sou den Alain Rix.

Vu  enger Urgence misst een da mëttlerweil schwätze beim Personal. Zanter der Pandemie géing ee sech froen, wouhin d‘Leit fortgaange sinn, well et géingen der vill feelen. Wann een net genuch Leit fënnt, misst een 1-2, wann net souguer 3 Deeg an der Woch zoumaachen, wéinst engem Manktem u Main d'oeuvre. Dat wier einfach net normal, sou den Alain Rix.

Vill Fuerderungen un eng nei Regierung

Vill Acteuren aus der Zivilgesellschaft géingen op Senneng geruff ginn, fir vun de Koalitiounspartner gehéiert ze ginn. D‘Patronatsvertriedung UEL géing geruff ginn, d‘Horesca awer net. Dat kéint jo awer nach kommen, do wier ee gudder Déng, sou den Invité.

Et hätt een op alle Fall vill Fuerderungen un eng nei Regierung. Virop d'Baisse vun der TVA um Alkohol, beschtefalls vu 17 erof op 3 Prozent a wann dat net méiglech wier da vu 17 op 8 Prozent. "Avantages en nature", also beispillsweis wann de Patron senge Salariéen eng Wunneng zu Verfügung stellt, misste steierfräi sinn. Donieft bräicht et och endlech eng "Simplification administrative", iwwer déi ee schonn zanter 10 Joer diskutéiert.

Wat d’Aarbechtszäit ugeet, begréisst d'Horesca de Plang vun der DP, fir eng Flexibilisatioun Et soll een einfach déi Leit schaffe loossen, déi wëlle schaffen. An dat wier eng Saach, déi soll tëscht dem Patron a de Mataarbechter gereegelt ginn. Als Horesca wier een och net géint den Index, mä de System misst ugepasst ginn.

Kritik un der ITM

De President vun der Federatioun vun den Hotelieren a Restaurateuren huet och d'ITM kritiséiert. Se géingen dacks zu onpassende Momenter an d'Betriber kommen, zum Beispill kuerz viru Mëtteg. Se géingen sech och net ëmmer ganz professionell verhalen. Se missten einfach méi proaktiv mat den Horesca-Betriber schaffen, fënnt den Alain Rix.

Et hätt ee vill Fuerderungen, gëtt de President zou, mee op d'mannst d‘Hallschent wiere wierklech einfach ëmzesetzen. Op ville Punkten, ausser der TVA, wier een och op enger Linn mat de Fuerderunge vun anere Betriber an anere Beräicher. Eng rout Linn ass wier d'Horesca just d'Aarbechtszäitverkierzung fir de selwechte Loun, sou den Alain Rix.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.