Lëtzebuerger Jugendherbergen zéie positive BilanIwwernuechtungen nees um Niveau vu virun der Pandemie

Lynn Cruchten
D'Associatioun vun de Lëtzebuerger Jugendherbergen hat en Donneschdeg hir Generalversammlung an huet do e positive Bilan 2023 ervirgestrach.
Lëtzebuerger Jugendherbergen zéie positive Bilan
Bei den Iwwernuechtungen am leschte Joer wier een nees um Niveau vu virun der Pandemie.

Et wier een zejoert um Niveau vun 2019, also vu virun der Pandemie, gewiescht. Ronn 157.000 Iwwernuechtunge goufen an 8 Strukturen hei am Land verbucht. D’Jugendherberg vun Huelmes net matgezielt, well déi méintelaang fir ukrainesch Flüchtlingen zur Verfügung stoung.

D’Konzept vun den Aubergen, déi manner Luxus, awer attraktiv Iwwernuechtungspräisser ubidden, kënnt zu Lëtzebuerg gutt un. Schoulklassen an Studentegruppe géife 50% vun de Gäscht ausmaachen, erkläert den Direkter vun der Associatioun vun de Lëtzebuerger Jugendherbergen, de Steve Hengel. Et géifen awer och nach ëmmer vill Leit eenzel ureesen.

Déi meescht Clientë kéimen aus eisen direkten Nopeschlänner. Zanter der Pandemie wieren awer och verstäerkt Lëtzebuerger ënnert de Gäscht. Ma och wäit iwwert d’Grenzen eraus wieren d’Jugendherbergen am Grand-Duché beléift.

D’Offer gëtt dann och weider ausgebaut. D’nächst Joer mécht zu Veianen déi nei Jugendherberg mat dann insgesamt 120 Better hir Dieren op. Am Pafendall komme 55 Better bäi an doriwwer eraus ass eng Auberge zu Ettelbréck geplangt.

Back to Top
CIM LOGO