
D'LSAP-Gesondheetsministesch wiert sech géint Virwërf, d'Santé hätt een "aveu de faillite" gemaach bei de Capacitéiten, fir Infektiounen zeréckzeverfollegen. Contact Tracing wier net méi a vollem Mooss méiglech, hat de Santésdirekter Jean-Claude Schmit d'lescht Woch gesot. D'LSAP-Gesondheetsministesch Paulette Lenert huet Commentairen an deem Zesummenhang net esou stoe gelooss: „Ech hunn de Moien iergendwou héieren oder gelies, mir hätten en 'aveu de faillite"' wat eis Capacitéit vun Tracing ugeet. Dat ass absolut net richteg!".
D'Paulette Lenert sot "au contraire": Och bei den Tracing-Ekippen hätt een bannent kierzter Zäit de Service "vun Null op Honnert" eropgefuer.
Et géing een ëmmer erëm nei Leit fannen, déi ee kann asetzen, sou d'Ministesch. „An och wa mir wärend 2-3 Deeg selwer Angscht haten, well mir selwer iwwerrumpelt gi si mat all deenen Zuelen, hu mir déi Saach awer wierklech am Grëff".
