
Mat den Infektiounszuelen, déi mer den Ament hunn, ass de Contact-Tracing vun der Inspection sanitaire net méi a vollem Mooss méiglech, dat sot den Direkter vun der Santé de Dokter Jean-Claude Schmit e Freideg de Moien am Interview um Radio 100,7. D'Santé huet jo laang gesot, datt d'Ekipp mat 60 Neiinfektiounen den Dag un hir Limitte stousse géif. Do läit een elo also wäit driwwer.
Dem Dokter Schmit no géif d'Inspection sanitaire et wuel nach fäerdeg bréngen, fir déi Leit unzeruffen, déi positiv getest gi sinn an et kéint ee bei Clusteren och nach e limitéierten Tracing maachen. Mä e kompletten Tracing wier trotz verstäerkter Ekipp net méiglech.
Fir de Rescht huet den Direkter vun der Santé an deem Interview de Leit, déi positiv getest goufen, geroden, selwer hir Kontakter unzeruffen, fir datt déi sech an Autoquarantän setzen. Et misst een do net waarden, bis d'Santé urifft.
Wat eng Tracing-App ugeet wiere Gespréicher mat den Nopeschlänner am Gaangen, fir eventuell kënnen een anere System z’iwwerhuelen.
An der zweeter Well vu Corona-Infektioune wier den Duerchschnëttsalter vun den Infizéierte ronn 10 Joer ënnert deem vun der éischter Well, esou nach den Dr. Jean-Claude Schmit. 163 Persounen goufe jo e Mëttwoch positiv op de Virus getest. Warscheinlech misst d'Regierung nees grouss Rassemblementer verbidden, deit de Santésdirekter un.
