D’Anne Steichen ass déi jéngste Kandidatin op der Lëscht vun der CSV. Si kandidéiert am Bezierk Norden an ass selwer aus der Gemeng Groussbus-Wal, an där si och am Gemengerot ass zanter 2017. Fir de kuerz a knappen Interview hu mir si am Musekssall vun hirer Musek getraff. Do spillt si Trompette, dat ass ee vu ganz villen Hobbyen.
Numm: Anne Steichen
Alter: 24 Joer
Partei: CSV
Gemeng: Groussbus-Wal
Bezierk: Norden
Beruff: Studentin (Bachelor a Politesche Wëssenschaften a Geographie, aktuell mam Master a Relations Internationales amgaangen.)
Politesch Funktiounen: Schäffen
Hobbyen: Musek, Dëschtennis an Theater spillen, an ass aktiv am Comité vun der Landjugend
“Schliisslech liewe mir alleguerten an där Gesellschaft, dofir sollen d’Meenunge vu jiddwerengem gehéiert ginn.”
LINK: De ganzen Dossier vun den Nationalwalen
All d’Episode vu Kuerz a Knapp op RTL Play