PolenSchéisserei op Maart zu Krakau: Et gi 5 Doudesaffer an iwwer 10 Blesséierter

RTL Lëtzebuerg
Bei Schëss op enger Maartplaz an der polnescher Stad Krakau sinn e Samschdeg e puer Mënschen ëm d'Liewe komm an anerer blesséiert ginn.
© MATEUSZ WLODARCZYK/NurPhoto via AFP

Dat huet d'Stadverwaltung op X matgedeelt.

De PremierbDonald Tusk huet erkläert, datt d'Police den Tëschefall ënnersicht. Offiziell Detailer zu den Ëmstänn waren ufanks nach net bekannt.

Der polnescher Zeitung "Fakt" no sollen op d'mannst fënnef Persoune gestuerwe sinn. Zéng weider Mënsche wiere blesséiert ginn, dorënner och Polizisten. Eng Persoun gouf festgeholl.

Den Haaptmaart gouf mëttlerweil evakuéiert. D'Hannergrënn vun der Dot sinn nach onkloer

Back to Top
CIM LOGO