Si wollten Detailer iwwer d’Krittären, no deenen een eng Plaz op der Fouer oder um Chrëschtmaart kritt, an hunn niewebäi och méi Transparenz an deem Dossier gefrot. Mam Resultat, datt et um Méindeg de Mëtteg an den Trape vun der Stater Märei e klengen Eclat gouf.
Seelen huet een de Charel Hary, President vun de Forainen esou granzeg gesinn. D’Aussoe vum Jérôme Zellweger, deem seng Famill scho 5 Generatioune laang mat der Confiserie Coné d’Lëtzebuerger Kiermessen mécht, wieren e Skandal.
Um Sonndeg hat deen am Journal dem Stater Service Fêtes et Marchés reprochéiert, e géif säi Roll als Plazmeeschter vu Fouer a Chrëschtmaart net korrekt spillen. Et géife par konter ongerecht Decisioune geholl an dat iwwer e Punktesystem, deen individuell, amplaz allgemeng gülteg, applizéiert géif. Hien hätt dëst Joer keng Plaz, sou de Jérôme Zellweger, a kréich wuel och an Zukunft keng.
Den zoustännege Schäffe Patrick Goldschmidt huet sech och haut viru seng Leit gestallt an erkläert, dass ee mat sengem Chalet Konditioune vun Attraktivitéit, Ästhetik, dem Thema muss erfëllen. Mee bei der Decisioun vum Schäfferot spillt och mat, ob s de d’Joer virdru mat dobäi waars.
Den zoustännege Schäffen widderhëlt seng Aussoe vum Sonndeg an entschëllegt RTL dofir, dass net alles, wat hie gesot hätt, aus Manktem un Zäit, am Reportage dra gewiescht wier. De President vun de Forainen krut hien awer dann awer net berouegt. Den Charel Hary wiedert a wiedert nawell zolidd.
Wat ass d’Léisung? Vläicht, an dat gouf a et jo schonn, einfach eng 2. Federatioun.