Wat gëtt et fir e Mëssel tëscht Lëtzebuerger Forainen a Stater Service Fêtes et Marchés? Ma dat wier fir unzefänken dee vun der Kommunikatioun, déi net, respektiv op eng wéischt Aart a Weis géing funktionéieren, seet de Jérôme Zellweger, deen de Familljebetrib viru féiert an u seng Duechter wëllt weider ginn.
Dëst Joer krut hie keng Plaz um Stater Chrëschtmaart... Net als eenzege Forain vun hei an dat obschonns de Chrëschtmaart 1984 gegrënnt gouf, fir grad d’Lëtzebuerger Forainsfamilljen iwwert de Wanter ze kréien. Deemools war et nach anescht, soen d’Kiermesleit, déi sech mat Houfert un dee Stater Chrëschtmaart erënneren. Tempi passati, op d’mannst zënter dem Covid, mä net deen eleng wier Schold seet deen, deem säin Ur-Urgrousspapp scho Forain war. Jorelaang stoung hien hei op der Plëss, elo fir 2. net méi. Mä firwat? Dat freet hie sech och.
40% vu sengem Akommes ass Fouer, 40% Chrëschtmaart. Dee gouf viru 40 Joer als Ënnerstëtzung fir d’Lëtzebuerger Kiermesleit gegrënnt, vun der Stad a vu Lëtzebuerger Forainen.
Et ass awer esou dass dee Stater Chrëschtmaart 1984 gegrënnt ginn ass, fir d’Lëtzebuerger Forainen iwwert de Wanter ze kréien. “Mir schaffe no Critèren, no engem Punktesystem. Do ginn Evaluatioune gemaach an do gëtt alt emol e bësse gewiesselt”, seet den zoustännege Schäffen. Säi Service “Fêtes et marchés” schafft ewell no Punktesystem.
Wann een dëst Joer net dobäi wier, géing dat net heeschen, dass dat fir 24 och esou wier. Dat loosse mer dann elo mol esou stoen an eventuell vermëssen jo och d’Membere vum Schäfferot déi iwwerdaachten Dëscher an der Mëtt vun der Plëss, op där ee sech um Feierowend getraff huet, fir ze poteren oder fir e Concert um Kiosk ze lauschteren. Et ass iwwregens net de Plazmeeschter, mä de Schäfferot deen decidéiert. Also: Vive d’Convivialitéit a Vive d’Kommunikatioun!