“Aarmut am Land muss bekämpft ginn”, heescht et vun der Member vum Stater Gemengerot Maxime Miltgen vun der LSAP, där hir Partei d’Reglement juristesch iwwerpréiwe wëll loossen. Ma mat deem neie Policereglement iwwert d’Heescheverbuet, wat vum neien CSV-Inneminister Léon Gloden gréng Luucht krut a wat an der Stad schonn ëmgesat gouf, bekämpft een net d’Aarmut, mä déi aarm Leit, esou d’Kritik.
Dëst neit Reglement, esou huet d’Police d’Heescherte schonn informéiert, géif awer méi wäit goen, wéi vun der Stater Buergermeeschtesch gefuerdert. Do war just Riets dovu gaangen, déi organiséiert an aggressiv Variant ze ënnerbannen, ma elo kënnen och harmlos Leit, déi mam Becher do sëtzen, verdriwwe ginn, dat tëscht moies 7 an owes 22 Auer op verschiddene Plazen an der Stad.

D’Mënscherechtskommissioun kritiséiert dann, datt mat dësem Policereglement d’Fräiheet vun de Leit ageschränkt gëtt an esou eppes dierft ee just iwwert e Gesetz maachen. Wéineg Hoffnung huet een dann an der Kommissioun, datt een awer nach eng Kéier zeréckruddert. Onkloer ass awer nach ëmmer, wéi de Verstouss géint d’Heescheverbuet soll bestrooft ginn.
D’Stater Buergermeeschtesch an DP-Deputéiert an der Chamber reagéiert op d’Kritik. An enger Froeronn sot si, datt déi Leit, déi roueg do sëtzen a kee belästegen, net viséiert wieren, esou laang si weder vun der Police nach vun der Justiz gesicht ginn. D’Gemengemamm vun der Lëtzebuerger Haaptstad setzt hiert Vertrauen an d’Policebeamten um Terrain, datt si deen Ënnerscheet wäerte maachen.
Zanter dësem Freideg ass dat neit sougenannt Heescheverbuet an der Haaptstad a Kraaft. D’Reglement, dat Heeschen op verschiddene Plaze verbitt, gouf vu ville Parteien an Organisatioune kritiséiert. Viséiert ass jo virop aggressiivt Verhalen an organiséiert Banden, déi aus dem Ausland op Lëtzebuerg heesche kommen.
Um Enn trëfft d’Verbuet awer jiddereen. Bei de Sans-abrie sinn d’Meenungen dowéinst gemëscht. D’Heescherten, déi de Leit nolafen, fir e puer Suen ze kréien, sinn deels Schold um schlechte Ruff vun de Sans-abrien. Géint déi misst eppes ënnerholl ginn, soen déi Concernéiert.
D’Police hätt hinnen déi lescht zwee Deeg déi nei Spillreegelen erkläert. No enger Iwwergangszäit soll et fir jiddweree verbuede sinn, e Becher oder Këscht viru sech um Buedem stoen ze hunn, fir Suen ze sammelen. Wie sech net drun hält, géing mat op de Policebüro geholl ginn, soen d’Sans-abrien. D’Onsécherheet wier grouss, well een net weess, wéi et nom 1. Januar, also no der Iwwergangszäit, weidergeet.
E Méindeg de Mëtteg huet och déi consultativ Mënscherechtskommissioun reagéiert. D’Mënscherechtskommissioun léisst kee gutt Hoer um Stater Heescheverbuet. Et vermësst een déi kloer legal Basis. D’mendicité simple wier net verbueden, anescht wéi den Inneminister Gloden et géing behaapten, sou d’CCDH. D’Objektiver wieren net kloer formuléiert. D’Bestrofung, fir Aarmut ze bekämpfen, wier de falsche Wee an d’Approche wier culpabilisant fir Leit déi an enger prekärer Situatioun sinn.