ZeienopruffMann huet mat geklauter Kreditkaart Suen opgehuewen

RTL Lëtzebuerg
Wien de Mann op dëser Foto kennt, soll sech bei der Police Réiserbann mellen. Virun engem Joer huet hie mat enger geklauter Kaart Suen an der Stad opgehuewen.
© RTL

D’Police sicht Zeien, déi de Mann op dëser Opnam vun enger Iwwerwaachungskamera vun engem Bancomat erëm erkennen an eventuell Informatiounen zu sengem Openthalt hunn.

Den 8. Januar 2025 hat hien nämlech géint 15.25 Auer mat enger geklauter Kreditkaart Suen op engem Bancomat an der Avenue de la Liberté an der Stad opgehuewen.

All Informatioune si fir d’Police Réiserbann ënnert der Nummer 244 61 1000 oder per Mail u police.reiserbann@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO