Et geet ëm ronn 200.000 EuroMataarbechter vum CHL soll Sue verontreit hunn

RTL Lëtzebuerg
De Spriecher vun der Justiz huet RTL géigeniwwer d‘Informatioun vum Essentiel confirméiert.
© Domingos Oliveira / RTL ( Archiv)

E Mataarbechter aus dem Centre Hospitalier gëtt verdächtegt, Sue verontreit ze hunn. Et handelt sech ëm en eenzele Salarié aus dem Departement vun de Ressources humaines. Dës Persoun souz eng kuerz Zäit an Untersuchungshaft, ma gouf viru ronn dräi Wochen op fräie Fouss gelooss an ass elo ënner Contrôle judiciaire.

Detailer zu der Aart a Weis vun der presuméierter Fraude gi keng genannt. D‘Enquête leeft an et gëllt d‘Presomption d’innocence, preziséiert de Parquet.

Bei de Virwërf, déi am Raum stinn, soll et ëm ronn 200.000 Euro goen. Den CHL wollt sech dem Essentiel géintiwwer net am Detail zum Dossier äusseren. D‘Affer géingen awer rembourséiert ginn, heescht et.

Och géint Dokteren am Centre Hospitalier Emile Mayrisch (CHEM) leeft den Ament eng Enquête, dëst wéinst Verdacht op Fälschung a Bedruch. Den Online-Noriichtesite Reporter.lu hat am Abrëll fir d’éischt iwwer d’Affär bericht.

Back to Top
CIM LOGO