Den 9. an 10. November 2026Militäresch Übunge vun der Lëtzebuerger Arméi an der Gemeng Ierpeldeng-Sauer

RTL Lëtzebuerg
Deel vum Exercice, deen och vun der Gemeng offiziell accordéiert ass, ass ënner Ëmstänn och den Asaz vun Übungsmunitioun.
Zaldote bei enger Übung Ufank Januar an engem Bësch zu Lëtzebuerg.
Zaldote bei enger Übung Ufank Januar 2026 an engem Bësch zu Lëtzebuerg.
© Domingos Oliveira

Wéi d'Gemeng Ierpeldeng-Sauer op Facebook matdeelt, wäert et e Méindeg an en Dënschdeg, den 9. an 10. November 2026, eng militäresch Übung vun der Lëtzebuerger Arméi ginn, dat um Gebitt vun der Gemeng oder an direkter Ëmgéigend.

Ganz konkret wäert d'Arméi hei "Erkennungspatrouillen zu Fouss" üben. Weider heescht et, dass wärend dem Exercice och Übungsmunitioun an den Asaz komme kann.

D'Übung ass offiziell vun der Gemeng accordéiert a soll d'Arméi op Asätz am Ausland virbereeden, wéi se am Kontext vun internationalen Engagementer méiglech sinn.

Back to Top
CIM LOGO