Eng Kéier iwwer d'Grenz fuere kascht vu Mee u fir déi meeschten Autoen 9€. Fir e ganzt Joer soll d'Vignette an eisem Nopeschland jee no Gefier tëscht 90 an 125€ kaschten.
Bei de Geschäftsleit direkt hannert der Grenz op der grousser Zone commerciale ass schonn eng gewëssen Onsécherheet ze spieren. De Steve Braff ass Responsabele vu Luxfly. Fir hien ass et wichteg, dass d'Vignette einfach online ka kaf ginn. 90% vu senger Clientèle wier aus Lëtzebuerg, esou de Geschäftsmann.
Wéi dat Ganzt konkret wäert ëmgesat ginn, ass nach net genee gewosst. Fir d'Lëtzebuerger, déi mir hei ugetraff hunn, wierkt eng Vignette éischter ofschreckend. Grouss Sportsbutteker géing een och anzwousch anescht fannen, seet e Mann, deen normalerweis ee bis zwee Mol de Mount an déi grouss Geschäftszon virun Arel kënnt. Mat enger Vignette géing hien net méi kommen. Dat seet och eng Fra, déi mat hirem Bouf e Bong bei Luxfly aléise kënnt. Fir déi kuerz Streck iwwer d'Grenz géing sech d'Vignette fir si net lounen.
Am Zentrum vun Arel ass et op engem Donneschdegmoie besonnesch de Maart, dee vill Leit unzitt, och vill Lëtzebuerger. Lount sech den Akaf och nach mat der Vignette? Eng Koppel vun Uewerpallen seet, si hätte sech schonn domadder offonnt, eng Vignette mussen ze kafen. Fir ronn 100 € géing sech dat och nach lounen, fir all Donneschdeg op de Maart ze kommen a vun Zäit zu Zäit an der Belsch an de Restaurant ze goen. Fir eng aner Famill aus dem Zentrum vu Lëtzebuerg géing sech éischter eng Dagesvignette lounen, well si net esou dacks kéimen. Ma och hei misst d'Ëmsetzung fir d'éischt weisen, ob d'Vignette si net wäert dovunner ofhalen, méi dacks an d'Belsch ze kommen.
Wien an der Géigend wunnt a souwisou reegelméisseg op Arel kënnt, wäert och nach mat der Vignette kommen, mengt d'Optikerin Catrine Arnold. Als Presidentin vun der Associatioun vun de Commerçanten an der Industrie vun Arel (ACIA) fäert si awer, dass d'Belsch allgemeng manner attraktiv gëtt. D'Regioun wier op d'Frontalieren ugewisen, sief et déi, déi akafe kommen, mee och déi, déi op Arel schaffe kommen. Als Geschäftsverband kéint een net vill maachen, ma si géing dat awer kee gutt Zeeche fannen.
Och wann d'Vignette vu Mee u gëllt, sollen d'Protokoller eréischt vu Juli d'nächst Joer u gemaach ginn. En éischte Protokoll soll 70 Euro kaschten an duerno ëmmer méi deier ginn, wann een erëm erwëscht gëtt. Nach muss awer aus dem Accord de Coopération tëscht den dräi belsche Regiounen e Gesetzestext ginn, deen sech och op EU-Niveau muss beweisen.