Ferrari an Elektromobilitéit: Dat ass eng Kombinatioun, déi fir Diskussioune suergt. Mam Luce stellt déi italieenesch Mark hiren éischte voll elektreschen Auto vir. Den Akim Schmit aus eiser Automag-Ekipp war zu Maranello, fir e méi genee ënnert d'Lupp ze huelen. Beim Luce ass net nëmmen den Undriff ongewéinlech, oder?
Nee, och den Design geet en neie Wee. Ferrari huet dofir mat LoveFrom zesummegeschafft, dem Designkollektiv vum Jony Ive a Marc Newson. De Luce huet grouss Fënsteren, de Chauffer sëtzt relativ wäit vir, an am Profil erënnert de Luce un eng Drëps Waasser. E Beispill dofir, wéi d’Funktioun – an dësem Fall d’Aerodynamik – d'Form bestëmmt.

De Luce huet véier Dieren an ass den éischte Ferrari mat fënnef Plazen an huet eng Mall mat 597 Liter. De Luce ass also och am Alldag villsäiteg notzbar. Besonnesch interessant fannen ech awer den Interieur: Glas, gefräästen Aluminium a Lieder treffen op physesch Knäppercher a Schalteren. Am Designprozess goung ëm d'Interaktioun tëscht Mënsch a Maschinn. Hei heescht dat: Wéi peekt sech e Schalter un a wéi einfach ass eng Funktioun ze benotzen?

D'Zuele sinn op alle Fall beandrockend: Véier Elektromotore, ee pro Rad, liwweren zesummen 1.050 Päerd. Ferrari nennt 2,5 Sekonne vun null op honnert an eng Spëtzt vun iwwer 300 Kilometer an der Stonn. D'Reechwäit soll bei ronn 530 Kilometer leien. Mat enger aktiver Fiederung, Allradlenkung an enger individueller Steierung vun senge véier Motoren wëllt Ferrari och seng 2,2 Tonnen am Grëff halen. Gefuer sinn ech de Luce nach net: Zu Maranello war et eng reng statesch Presentatioun.

Do gëtt kee V12-Toun ofgespillt. E Sensor un der hënneschter Achs hëlt déi tatsächlech Vibratiounen op, déi duerno verstäerkt ginn – e bëssen nom Prinzip vun enger elektrescher Gittar. Ferrari wëll domat och dem elektreschen Undriff eng Stëmm ginn.
Dat passt zum ganzen Auto: De Luce ass eng nei Interpretatioun vu Ferrari. Ob een déi gär huet, muss jidderee fir sech entscheeden – oder och net.
D'Präislëscht fänkt bei 550.000 Euro un.