Bilan Asile, Immigratioun an Accueil 2022Nees méi Flüchtlingen, Leit kierperlech a mental net gutt drun

Fanny Kinsch
Serge Pauly
Nieft den Detailer zu de Schutzprozeduren huet de Minister Jean Asselborn en Dënschdeg och d'Chifferen zur Immigratioun hei am Land presentéiert.
Et kommen nees méi Flüchtlingen op Lëtzebuerg
Nieft den Detailer zu de Schutzprozeduren huet de Minister Jean Asselborn en Dënschdeg och d’Chifferen zur Immigratioun hei am Land presentéiert.

Nodeems 2020 an 2021 duerch weltwäit Covid-Mesurë manner Mënschen op Lëtzebuerg komm sinn, fir internationale Schutz ze froen, ass déi Zuel 2022 nees ëm 81,5% an d’Luucht gaangen. Dat geet aus dem Bilan 2022 vum Immigratiounsministère ervir. 2.269 Leit hunn zejoert eng Demande gemaach, déi meescht aus Syrien, Eritrea an Afghanistan.

D’Leit, déi ukommen, sinn an engem méi schlechte kierperlechen a psycheschen Zoustand. Déi Feststellung vun den Hëllefsorganisatioune kann d’Directrice adjoint vum nationalen Accueilsbüro Katia Duscherer confirméieren.

“Et ass e risen Challenge. Déi meescht Servicer, déi am Gesondheetsberäich schaffen, kennen d’Clienten, well se betraff sinn, mee et ass effektiv d’Fro, wéi een dat kann am beschten opfänken. D’Prise en charge a besonnesch d’Iwwersetzung dervun, an et ass dat, e Long-terme-Projet wärend Joren.”

Et stellt een och fest, datt ëmmer méi Mannerjäreger eleng zu Lëtzebuerg ukommen. 164 onbegleet Mineure wieren zejoert ukomm, sou vill wéi nach ni virdrun. Dat Phenomen géing een och an aneren europäesche Länner gesinn, sou de Jean Asselborn. Dat wieren dacks Jonker, déi an der Tierkei waren.

“Et si Walen an der Tierkei, dass sech en Zil do gesat ginn ass, fir eng Millioun Syrer zeréck a Syrien ze bréngen a wie geet scho gären zeréck a Syrien? An ech mengen do geet et un, dass dann eben d’Familljen do, dat ass esou, ech soen nach eng Kéier, ech hunn dat scho gesot, ech jugéieren dat net, mä dass d’Familljen déi eenzeg Chance gesinn, fir hir Kanner an d’Hänn vu Passeuren ze ginn.”

Iwwer 5.000 Flüchtlingen aus der Ukrain kruten 2022 iwwerdeems en temporäre Schutz zu Lëtzebuerg accordéiert. Si mussen hir Demande bis de 4. Mäerz verlängeren, 3.700 Persounen hätten dat och scho gemaach. Si kréien och elo d’Méiglechkeet, eng Openthaltsgeneemegung am Grand-Duché unzefroen.

“Lëtzebuerg huet decidéiert, dass mer deene Leit, déi d’Protection temporaire hunn an eng Aarbecht fonnt hunn (...) an och net méi logéiere beim Ona, dass déi kënnen en Titre de séjour froen, also op Basis vum Gesetz vun der Immigratioun.”

Aktuell sinn d’Strukture vum nationalen Accueilsbüro Ona zu knapp 94% besat. Dëst Joer sollen 350 Better dobäikommen, op dann 7.357.

Wéi de Jean Asselborn en Dënschdeg de Moien iwwerdeems bekannt gemaach huet, musse méi wéi 60 Flüchtlingen, déi aktuell am ale Lëtzebuerger Wort-Gebai zu Gaasperech ënnerbruecht sinn, wéinst enger Waasserfuite temporär op de Kierchbierg relogéiert ginn. Nodeems et am Dezember, wéi et ganz kal war, Problemer an der Tony-Rollmann-Struktur um Kierchbierg goufen, hätt een dat méi klengt Zelt elo sou ageriicht, datt et waarm genuch géing bleiwen. Bei deem groussen Zelt wier een och am Gaangen drun ze schaffen.

Immigratioun

Nieft den Detailer zu de Schutzprozeduren huet de Minister och d’Chiffren zu der Immigratioun presentéiert. 2022 si 17.759 Leit aus der EU op Lëtzebuerg komm, virun allem aus Portugal, Frankräich, Italien, Spuenien an der Belsch. 10.521 Persoune sinn aus Drëttstaaten op Lëtzebuerg komm, déi meescht vun hinnen aus Brasilien an aus dem Cap Vert.

Back to Top
CIM LOGO