Dëse Samschdeg war Mënschenhandel d'Thema an der Emissioun Background am Gespréich um Radio, dat um Weltdag vun de Mënscherechter.

Dëst Joer war en aussergewéinlecht Joer, wat d'Flüchtlingen ugeet an de Staat hätt vill gemaach, fir där Situatioun entgéint ze kommen, sot de Christof Müller hei op der Antenn. De Responsabele fir de Service Migrants et Réfugiés war Invité am Background iwwer Mënscherechter, zesumme mat der Assistante Sociale vun der Asti Jessica Lopes. Ma et wier een an de Primo-Acceuil Strukturen och un d'Grenze gestouss an d'Konditioune wieren net ëmmer sou gewiescht wéi se sollte sinn. De Leit, déi zu Lëtzebuerg ukommen, fir eng international Protektioun unzefroen géing et och net gutt goen, sou de Christof Müller. "Et duerf een net vergiessen, datt nach bis ugangs vun dësem Joer a ville Länner Covid-Mesuren en place waren an doduerch och déi Trajete verlängert goufen an den Openthalt a prekäre Situatiounen, sief et an der Tierkei, a Libyen, an Nigeria a sou weider eben extrem katastrophal waren, och d'Leit déi iwwert d'Balkanroute komm sinn hunn ënner katastrophale Bedingunge gelieft, dat heescht d'Leit déi ukommen haten dacks laang keen Traitement, waren och wat einfach déi Besoins primairen einfach déi normal Bedürfnisser déi e Mënsch huet net gutt versuergt an se sinn an engem schlechten Zoustand bei eis ukomm, kierperlech, gesondheetlech, psychesch virun allem."

Net jiddereen, dee Schutz freet, kritt dësen och accordéiert. D'Leit ginn awer och net onbedéngt zréckgeschéckt, a verschiddener bleiwen an irreguläre Situatiounen zu Lëtzebuerg. Zum Deel och wëll si mat hire Kanner hei sinn, sou d'Jessica Lopes.

"Dat sinn oft Kanner a Jugendlecher, déi scho jorelaang zu Lëtzebuerg an der Schoul waren, déi dann oft mat hiren Eltere bei eis komme fir ze kucken, gëtt et net awer vläicht eng Méiglechkeet, elo mëttlerweil si mer 5, 6, 7 Joer hei, d'Kanner schwätze gutt Lëtzebuergesch, si iwwersetzen och ganz oft fir d'Elteren. Dat ass fir eis ëmmer ganz komplizéiert, wa mer mat engem Jugendlechen do sëtzen, dee vläicht 14-15 ass, dee ganz komplizéiert Informatiounen do muss iwwersetzen, wou mir ganz kloer musse soen "Lauschtert, Dir sidd duerch d'Prozedur gaangen, Dir sidd deboutéiert ginn, an Ärer Situatioun gëtt et tatsächlech am Moment keng Léisung, dat heescht eigentlech misst Dir elo fort. A wann Dir decidéiert ze bleiwen, dann ass d'Konsequenz dass de weider sou "verstoppt" muss liewen."

An dat wieren da Situatiounen, an deenen d'Leit Affer vun Exploitatioun ginn. All Persoun déi ouni Openthaltsgeneemegung hei am Land schafft géing op der Aarbecht ausgebeut ginn. Dovu sinn natierlech net just Leit betraff, déi als Demandeur vun enger internationaler Protektioun op Lëtzebuerg koumen. D'Grënn, firwat Leit an irreguläre Situatiounen zu Lëtzebuerg bleiwen, wiere ganz ënnerschiddlech.

"Do kann een natierlech ganz ënnerschiddlech Meenungen driwwer hunn iwwert déi Decisioun, déi déi Leit getraff hunn ze bleiwen oder net ze bleiwen. Dat wëll ech och guer net a Fro stellen, ech verstinn, dass et do ënnerschiddlech Meenunge ginn. Fakt ass awer, déi Leit wunne bei eis, déi gi mat eis an d'Schoul, déi zerwéieren eis oft am Restaurant, déi botzen oft bei eis doheem, dat sinn och heiansdo eis Noperen, dat steet engem net op der Stier, dass ee keng Openthaltsgeneemegung méi huet. Wat maache mer mat deene Leit? A wéi garantéiere mer, dass trotz dem Fait, dass se déi administrativ Demarche net respektéiert huet, well mir schwätze vun enger administrativer Demarche, dat si keng Leit déi iergendwellech ganz grouss Crimë gemaach hätten, si hunn eng administrativ Demarche, d'Konditioune vun där Demarche net erfëllt, wéi maache mer et trotzdeem, fir e Minimum u Rechter ze garantéieren, an dat ass eng Fro, wou mer den Ament net wierklech eng Äntwert hunn a wou mer ganz oft ganz komplex Situatioune gesinn, wou mer denken ech net gutt ausgerüst si fir déi Leit ze schützen."

Mënschenhandel

Weltdag vun de Mënscherechter
Dëse Samschdeg war Mënschenhandel d'Thema an der Emissioun Background am Gespréich um Radio, dat um Weltdag vun de Mënscherechter.

Zu Lëtzebuerg goufen et 2019 an 2020 offiziell 23 Affer vu Mënschenhandel - d'Donkelziffer wier awer vill méi héich, sou déi 2 Invitéeën. Vill Affer géinge fäerte bei d'Police oder bei d'ITM ze goen, well si dacks ouni Openthaltsgeneemegung am Land wieren an et fir si méi schlëmm wier, fortgeschéckt ze ginn. Et kéint vill méi aktiv géint Reseaue vu Mënschenhandel gekämpft ginn, wann et eng Garantie géing gi fir d'Affer, datt si net hire Pass ofgeholl kréie respektiv eng Prozedur lancéiert gëtt fir si aus dem Land auszeweisen, sou d’Jessica Lopes.

"Heiansdo bleiwen d'Leit léiwer an hirer ganz geféierlecher Situatioun, wéi datt se bei d'Police ginn, an dat ass natierlech fir eis e grousse Problem, well mir gesi wierklech massiv an der Aarbechtswelt, an dat ass net just kleng Entreprisen, kleng Restauranten, dat kënnen och grouss Firmen um Bau sinn, dat si grouss Interimen, dat sinn all déi Liwwerungsservicer, iwwerall e bësse fënnt ee Leit ouni Openthaltsgeneemegung, an dat sinn déi déi oft richteg ausgebeut ginn, an et gëtt extrem schlëmm wann zum Beispill de Patron ufänkt ze soen, "Ech hunn och en Zëmmer, deen ech der kann zur Verfügung stellen", an déi Kontroll, déi gëtt dann ëmmer méi grouss iwwert d'Persoun."

D'Grenzen tëschent Ausbeutung op der Aarbecht a Mënschenhandel wiere fir d'Asti och net ëmmer ganz kloer.

Och de Christof Müller, Responsabel vum Service Migrants et Réfugiés beim roude Kräiz, geet dovunner aus, datt et eng ganz grouss Donkelziffer vu Mënschenhandel gëtt zu Lëtzebuerg.

"Et kënnt scho mol vir, dass et eng Bandekriminalitéit ass, an do si vill Leit zwar, déi kleng Abréch verursaachen, awer déi schlussendlech selwer Victime sinn, well se dozou gezwonge ginn déi Abréch ze maachen, well se eben an der absolutter Ofhängegkeet si vu kriminaliséierten, organiséierte Gruppen, an et ass jo ëmmer nëmmen d'Spëtzt vum Äisbierg déi ee gesäit. Do kënnt et ganz dacks net dozou, d'Leit kommen dann an d'Untersuchungshaft an de Prisong, ginn dann zréck an hir Heemechtslänner, kréien e Retour forcé, mee dat gëtt ni behandelt ënnert dem Aspekt vum Mënschenhandel, dat heescht, et taucht guer net an de Statistiken op."

Ukrainesch Flüchtlingen

Wéi wéinst dem russesche Krich an der Ukrain virun allem Fraen a Kanner geflücht sinn, huet d'Croix-Rouge gewarnt, datt si kéinten Zuhälter an d'Äerm falen. Et wieren der Croix-Rouge awer keng Fäll gemellt gi vu Fraen, déi an d'Prostitutioun gezwonge goufen, quitt datt een och hei misst dovun ausgoen datt et eng Donkelziffer gëtt.

"Et war scho mol virkomm, datt op ee mol en Här opgedaucht ass an ugebueden huet "Ech hunn eng Wunneng disponibel, ech wëll awer nëmme jonk Fraen hunn, déi an déi Wunneng kënne wunne goen, da gi bei eis effektiv, da versiche mer d'Leit drop opmierksam ze maachen, wéi eng Risiken a Geforen do dra stiechen an datt d'Leit sech kënnen an eng enorm Gefor bréngen. Et ass eis Aufgab vun Opklärung, vun Informatioun, et ass dat, wat generell feelt. Ob eis et geléngt, d'Leit dann duerno z'iwwerzeegen dovun oder net, ass ëmmer ganz schwiereg."

D’Leit wieren eben zum Deel a verzweiwelte Situatiounen, an deene si zum Beispill och méi séier op Arnauqë géingen erafalen, sou de Christof Müller. Alles an allem wieren d'Erfarunge mam Accueil a Gaaschtfamillen zu Lëtzebuerg positiv gewiescht, ma et hätt ee vereenzelt Fäll gehat, an deenen d'ukrainesch Flüchtlingen genéidegt goufe fir ze schaffen. Vill Leit déi Flüchtlingen opgeholl hätten, wieren de Mataarbechter vun der Croix Rouge an der Caritas, déi no de Flüchtlinge kucke gaange sinn, och mat Skepsis empfaangen, wat traureg wier.

Background am Gespéich vum 10. Dezember 2022

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.