
RTL-News: Background am Gespréich vum 18. Mee mam Serge Wilmes
Den CSV-Politiker ass zanter 6 Méint de Chef am Ëmweltministère. E Ministère, deen de Ruff hätt, e “Verhënnerungsministère” ze sinn, seet hien. D’Kritik u seng gréng Virgänger war däitlech. Déi fréier gréng Ëmweltministesch Joëlle Welfring bedauert am RTL-Interview, datt den neie Minister hirer Meenung no sou vill polemiséiert.
“Ech muss soen, ech konnt mech nëmme wonneren an ech fannen et och traureg, dass eigentlech e Minister, dee schonn iwwer en halleft Joer am Amt ass, nach esou de Besoin huet, engersäits iwwert seng Virgänger hierzezéien a gläichzäiteg awer vill vun deene Projeten, déi en an d’Vitrinn gestallt huet, justement vu senge Virgänger sinn. Fir Camille Gira, Carole Dieschbourg oder mech nëmmen ze nennen. Do gouf vill Aarbecht gemaach an ech fannen et och eng Saach vu Fairness an Éierlechkeet, dass een dat dann och esou duerstellt.”
Mat der Natur a mat de Leit zesummenzeschaffen, wier och net ideologesch, mä “logesch”. Et wär einfach néideg. De Schutz vun der Natur wär och de Schutz vun de Mënschen. Repressiv wär d’Naturschutzgesetz vun 2004 vun CSV an DP gewiescht, ouni Kompensatiounsméiglechkeeten an absoluttem Biotopeschutz. Déi viregt Regierung hätt dat gelackert. D’Konzept “Natur op Zäit” géif virleien. De Gesetzestext läit beim Staatsrot. E Samschdeg hätt sech dat esou unhéieren, wéi wann dat eppes Neits wär, wat dës Regierung bruecht hätt. Mä dat wär jo net richteg.
Am Moment fält et der fréierer, grénger Ministesch schwéier, en éischten Tëschebilan no 6 Méint ze zéien. Et wär ganz vill Kontinuitéit do, souwuel an der Energie- wéi och an der Ëmweltpolitik. Si bedauert awer och, datt esou vill polemiséiert géif ginn. Fotovoltaikanlagen an der Gréngzon oder Reewaasser-Réckhaltebecke wären net blockéiert ginn. Och wann dat an de leschte Woche behaapt gi wär. Parlamentaresch Froen hätt si misse schreiwen, fir dat richtegzestellen. Do wär ee scho bal an der Desinformatioun, bedauert déi aktuell gréng Deputéiert Joëlle Welfring.