E Samschdeg war den CSV-Minister eisen Invité an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.

Mir mussen och an Zukunft ëmmer méi dacks mat staarkem Reen an deementspriechend dem Risiko vun Iwwerschwemmunge rechnen. Dat géing duerch de Klimawandel verstäerkt ginn, esou den Ëmweltminister Serge Wilmes de Samschdeg de Mëtteg am Background. Adaptatiounsmesurë wieren dohier onëmgänglech, Beispill: d'Renaturéierung vun eise Flëss a Baachen oder d'nohalteg Bewirtschaftung vun eise Bëscher. Et kéint och net weider iwwerall gebaut a versigelt ginn, huet den CSV-Politiker ënnerstrach.

Waasser: Eng vun de grousse klimapoliteschen Erausfuerderungen

Allgemeng wier d'Waasser eng vun de gréisste klimapoliteschen Erausfuerderungen. Op der enger Säit hätte mer ëmmer méi dacks extrem Nidderschléi, op der anerer Säit bräicht et genuch Waasser. An den nächste Jore fir d'Drénkwaasser-Versuergung duerch déi néi Anlag vun der SEBES zu Eschduerf geséchert. Donieft géingen et och nach eng ganz Rei Quelle ginn, déi bis ewell net erfaasst goufen. An et géing e Projet lafen, fir d'Waasser aus der Musel als Drénkwaasser kënnen opzebereeden. Mir missten awer net just op d'Quantitéit kucken, ma och op d'Qualitéit vum Waasser an de Flëss a Baachen a vum Grondwaasser.

Vum Verhënnerungsministère zum Gestaltungsministère

Déi éischt sechs Méint a sengem neien Amt wiere ganz intensiv gewiescht an d'Erausfuerderunge wiere grouss. Déi lescht Joren hätt de Ruff vum Ëmweltministère gelidden. Bei de Leit géing en als e Verhënnerungsministère gesi ginn an hie wéilt dat änneren. Et soll e Gestaltungsministère ginn, esou de Serge Wilmes. Et misst ee Mesuren ëmsetze fir besser Loft, proppert Waasser, gesond Bëscher a Biedem a fir allgemeng eis Liewensqualitéit ze verbesseren. Ma déi lescht 10 Joer wier d'Approche aus dem Ëmweltministère éischter ideologesch gewiescht an d'Leit hätten d'Gefill gehat, net matgeholl ze ginn an dass just vun uewen erof Decisioune geholl goufen. D'Leit wiere kujenéiert, amplaz motivéiert ginn. Dat wéilt den Ëmweltminister onbedéngt änneren.

D'Klima-Urgence wier antëscht erkannt ginn an d'Zil misst sinn, jidderee mat op de Wee ze huelen am Kampf géint de Klimawandel. D'Attitüd, wéi ee mat Mesuren an Ziler ëmgeet, wier net ze ënnerschätzen. Et misst een op d'Acteure vum Terrain lauschteren a realistesch Ziler setzen. "Et gëtt net ee Wee, et ginn der vill", seet de Serge Wilmes an huet erkläert, datt ee sech fir alles oppen hale muss, zum Beispill punkto nei Technologien.

D'Kommunikatioun mat de Bierger wier och fundamental. D'Digitaliséierung wier do awer och e Moyen, fir méi séier kënnen Dossieren ofzeschléissen an d'Prozeduren ze vereinfachen.

Méi séier bauen: Modell "Natur op Zäit"

Grad am Bau ware laangwiereg Prozeduren der CSV een Dar am A. Dacks wier et wéinst dem Naturschutz, dass net séier kéint gebaut ginn. Et wéilt ee weiderhi komplementar schaffen, mee mam Modell "Natur op Zäit" géing ee méi séier virukommen. Konkret heescht dat, dass een op engem Bauterrain, deen net bebaut ass, roueg d'Natur entstoe ka loossen. Wann den Terrain da bis gebraucht gëtt, kéint een drop bauen, ouni mussen ze kompenséieren. Dat wär eng weesentlech Vereinfachung. Als Géigenzuch missten d'Gemengen an d'ëffentlech Hand méi begréngen. Dëst géif d'Liewensqualitéit vu jidderengem vergréisseren a méi Biodiversitéit an d'Gemenge bréngen. Bei enger Analys iwwer Satellittebiller wier nämlech erauskomm, dass punkto Begréngung nach vill Potential no uewen ass. An den Ëmweltministère géif d'Gemengen och iwwert den Naturpakt duerch Mat-Finanzéierung a Berodung dobäi ënnerstëtzen.

Just 15 Prozent vun eise Bëscher si gesond

Nieft dem Waasser ass de Bësch eis gréisst klimapolitesch Erausfuerderung, sou de Serge Wilmes. Den Zoustand vun eise Bëscher ass net de beschten. 60% vun de Beem si schwéier beschiedegt a just ronn 15% ganz gesond. D'Bëscher wieren awer eise gréisste Räichtum an dofir misst een op verschiddene Piste schaffen. D'Hallschent vun eise Bëscher ass a privater Hand an dofir misst ee mat de private Proprietäre vun de Bëscher zesummeschaffen. Mam neie Bëschgesetz géing een eng nohalteg Bësch-Bewirtschaftung och finanziell belounen. Et misst een donieft vill Beem, och nei Zorten, planzen an nei geplanzte Beem misste wéinst der héijer Wëld-Dicht protegéiert ginn.

D'Jeeër hunn dobäi eng wichteg Funktioun, sou de Serge Wilmes. Et gëtt ze vill Wëld an dat mécht d'Bëscher futti. Dofir misst méi geschoss ginn. D'Jeeër hate gefuerdert, fir punktuell och nuets dierfen ze schéissen. De Minister weist sech oppe fir dës Iddi. Natierlech ënnert gewëssene Konditiounen, zum Beispill mat Nuetssiichtgeräter. Am fréien Hierscht misst ee sech do nach eemol zesummesetzen, fir Detailer ze klären.

Landwirtschaft & Energie

Och d'Landwirtschaft war Sujet mam Serge Wilmes. Et misst een Hand an Hand mat de Bauere schaffen. A punkto Bau vu Réckhaltebecken, deen an der Vergaangenheet dacks Sträitpunkt war, hätten et scho Pilotprojete gi virun 3 Joer. Dovunner hätt een net méi vill héieren, ma dës géifen elo no vir bruecht ginn, well se néideg a gutt wieren. Déi Gréng hätten dacks vu lokaler Produktioun a Konsum geschwat, ma de Pourcentage vum Ubau vun Uebst a Geméis wier trotzdeem net an d'Luucht gaangen. Et wier also kloer net genuch gemaach gi bis ewell.

D'Energie war och e Sujet mam Ëmweltminister, obwuel de Ressort bei sengem Regierungskolleeg Lex Delles läit. Punkto staatleche Präisdeckel op Gas a Stroum géing een op e Phasing-Out setzen. D'Leit géingen net vun haut op muer an d'kaalt Waasser geheit ginn, dat wier kloer, sou de Minister. D'CSV wier hei am Land iwwregens och nach ëmmer géint Atomenergie gewiescht. Dës Regierung géing sech och konkret dofir asetzen, dass d'Lafzäite vun den Atomreakteren zu Cattenom, Tihange an Doel net solle verlängert ginn, erkläert de Serge Wilmes.

Background am Gespréich mam Serge Wilmes

"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.