Debat iwwer d'COP30 an der ChamberOppositioun wërft Regierung Inkoherenz vir, Serge Wilmes weist Reprochen zréck

Marc Hoscheid
Op Demande vum Paul Galles a vum Franz Fayot war an der Chamber eng Aktualitéitsstonn, an där et ëm den Opwand ronderëm d'COP30 goung.
© Emile Mentz

Wat ass bei der 30. Weltklimakonferenz zu Belém a Brasilien erauskomm, geet d’Resultat duer a rechtfäerdegt et dee ganzen Opwand, dee ronderëm d’COP bedriwwe gouf? Dat war en Dënschdeg de Sujet vun enger Aktualitéitsstonn an der Chamber, déi op Demande vum CSV-Deputéierte Paul Galles an dem LSAP-Deputéierte Franz Fayot ofgehale gouf. De fréiere Wirtschaftsminister Fayot huet virop kritiséiert, datt d’Zil aus dem Paräisser Klimaaccord, d’Äerderwiermung op 1,5 Grad par rapport zum virindustriellen Zäitalter ze reduzéieren, elo net méi gëlle géing. Hien huet de Lëtzebuerger Ëmweltminister Serge Wilmes zwar fir säin Asaz op der COP30 gelueft, ma d’Lëtzebuerger Regierung géing awer gläichzäiteg op internationalem Niveau Mesuren ënnerstëtzen, déi de Klimaschutz schwäche géingen.

“Gläichzäiteg widderhuelen nach eng Kéier Är Kolleegen an der Regierung, de Premier, awer och den Ekonomiesminister, bei all Geleeënheet, datt se hannert den Omnibus-Packagë vun der Kommissioun stinn. An déi maachen näischt anescht, wéi wichteg Texter wéi d’Liwwerkettegesetz, de Reporting vu Betriber, de CSRD, awer och d’Deforestatiounsreglement massiv ze ënnergruewen.”

COP30 Chamber Franz Fayot

De Serge Wilmes huet sengersäits gemengt, datt d'1,5-Grad-Zil nach erreecht kéint ginn. D’Reprochen un d’Adresse vun der Lëtzebuerger Regierung huet hien iwwerdeems kloer zeréckgewisen.

“Mir wëlle Vereinfachung an d’EUDR, d’Deforestatiounsdirektiv, ass dat beschte Beispill dofir. Mir wëlle keng Ofholzung hu weltwäit, och net hei an Europa. Mir setzen eis fir de Schutz vun de Bëscher an, an Europa, weltwäit, selbstverständlech och heiheem. Hei gëtt et jo och kee Risiko, hei sinn all d’Gesetzer a Kraaft, fir dat och ze verhënneren, mee mir wëllen awer net, datt wann esou Reglementatioune kommen, a mir begréissen, datt d’Regulatiounen do sinn, déi dann zu zousätzlechen Demarchë fir eis Betriber féieren.”

COP30 Chamber Serge Wilmes

Mat Bléck op d’COP30 huet de Minister gemengt, datt de System vun der Weltklimakonferenz zwar net perfekt wier, mee e wier trotzdeem wichteg. D’Europäesch Unioun wier dës Kéier awer vläicht e bëssi naiv gewiescht, well se sech ze spéit op ee gemeinsaamt Zil gëeenegt a probéiert hätt, aner Länner op hir Säit ze zéien. Et hätt een och gemierkt, datt d’Ënnerstëtzung vun den USA gefeelt huet.

Back to Top
CIM LOGO