
Nodeems beim Handballmatch e Samschdeg den Owend tëscht Esch an Diddeleng déi zwee Escher Spiller Ermin Muric an Tom Krier anenee geknuppt waren an hu missten an d‘Klinik ageliwwert ginn, huet de Veräin elo an engem Communiqué reagéiert.
Den Ermin Muric konnt d'Spidol an Tëschenzäit nees verloossen.
Den Handball Esch wëll aktuell keng weider Detailer, notamment zu der Blessur vum Tom Krier an dem Ermin Muric matdeelen a rifft dozou op, d'Privatsphär vun de béide Spiller, hire Familljen an der ganzer Ekipp ze respektéieren.
D‘Partie war nom Tëschefall Ugangs der zweeter Hallschent ofgebrach ginn.