
D’Reunioun huet just eng Stonn gedauert. Dono koumen eng zefridde Ministesch Yuriko Backes, an en zefriddene Marco Lux, President vum TICE, aus dem Reuniounssall. “Exzellent”, “immens zefridden”, “zouversiichtlech”, “konstruktiv” ware Wierder, déi dono gefall sinn. Et goung ëm d’Konventioun, also d’Festleeë vum Kader tëscht dem TICE an dem Ministère fir déi nächst Joren.
Am Virfeld vun der Reunioun hat sech awer schonn d’Gewerkschaft vum Gemengepersonal, d’FGFC, ageschalt. An engem Communiqué huet et geheescht, si wiere vun de Verhandlungen ausgeluede ginn. “Ech hu guer keen ausinvitéiert”, huet d’Yuriko Backes betount. Et wier eng Reunioun gewiescht, déi si am Virfeld op Demande vum Büro vum TICE accordéiert hätt. Et wéilt een d’Diskussiounen an aller Transparenz féieren, “à le moment venu” wieren och Reunioune mat de Gewerkschafte virgesinn. E Méindeg de Mëtteg wier et och nach guer net ëm Decisioune gaangen.
Dëst wier déi éischt Reunioun gewiescht, wou si dobäi war, mee net déi éischt zum Sujet. Eng 15 Stéck hätten et an de leschte Wochen a Méint scho ginn. Weider technesch Reunioune stéingen elo nach un, ma bis d’Summervakanz wéilt een, dass déi nei Konventioun soll stoen.
Vu Säite vun der Gewerkschaft goufen och Suergen ausgedréckt. Ënner anerem, dass Personal soll ofgebaut ginn. Beim TICE schaffen aktuell insgesamt eng 540 Leit. Dës Suerge wieren och berechtegt, fënnt de President vum Syndikat TICE. Eemol fir de Beräich, wat de Finanzement ugeet, an eemol, wat d’Aarbechtsplaze concernéiert. Ma hien hätt net den Androck gehat, dass et géing ëm d’Reduktioun vun Aarbechtsplaze goen, mee dorëm, wéi den TICE gutt kéint weiderlafen. Och d’Ministesch seet, op den Ofbau vun Aarbechtsplazen ugeschwat, dass dat “iwwerhaapt keen Thema” wier.
Ma d’Angscht vun de Gewerkschafte kënnt dohier, dass och Diskussioune gefouert ginn, fir zum Beispill verschidden TICE-Linnen an den RGTR-Reseau z’integréieren. Oder och, dass de Schülertransport net méi soll vum TICE ugebuede ginn. Dëst wieren alles Iwwerleeungen, déi op Demande vum TICE géinge gefouert ginn, sou d’Yuriko Backes. De Marco Lux huet dann och nach preziséiert, dass wann een zum Beispill géing d’Statistike vum Late Night Bus kucken, dës net gutt wieren. Besonnesch bei deem, wat den TICE herno misst nieft de Subventioune bäileeën.
Bei engem ganze Koup Saachen, déi solle verbessert an optimiséiert ginn, wier ee sech eens, huet d’Mobilitéitsministesch betount. Och wann déi finanziell Diskussioun keng einfach wäert ginn. Ma si wier zouverlässeg, dass een an aller Transparenz wäert en Accord fannen. Wéi déi finanziell Enveloppe an Zukunft soll ausgesinn, wär Géigestand vun den Diskussiounen, a soll op der Basis vu Fakte festgeluecht ginn.
RTL-News: Reaktioun op Kritik vun der FGFC: Transportministesch wëll TICE-Reseau net fale loossen