Energiepolitik“Primmen eleng ginn net duer”

Pierre Weimerskirch
Déi energetesch Transitioun wäert duerch de Krich an der Ukrain nach emol beschleunegt ginn.
Energiepolitik: Primmen eleng ginn net duer
D’Lëtzebuerger Regierung setzt op ee Primmesystem, fir d’Leit ze begleeden, d’Haiser energetesch ze sanéieren oder och an erneierbar Energien ze investéieren.

D’Lëtzebuerger Regierung setzt op ee Primmesystem, fir d’Leit ze begleeden, d’Haiser energetesch ze sanéieren oder och an erneierbar Energien ze investéieren. Eng vun den zentrale Froen ass, ob een et fäerdeg bréngt, jidderee mat an d’ Boot ze kréien, och Stéit, déi manner Suen hunn. Vill Leit wëllen an erneierbar Energien investéieren oder energetesch sanéieren. Dat verdäitlecht och eng net representativ Ëmfro ob rtl.lu. Vill Leit wëllen, mee net jidderee kann.

D’Politik misst et fäerdeg bréngen, sech d’Moyenen ze ginn, fir dat jiddereen en Deel vun der energetescher Transitioun ka ginn, esou de Gary Diderich, Spriecher vun Déi Lénk. Primmen eleng géifen do net duer goen.

D’Primme sinn dat eent, dat anert ass d’Finanzéierung. Bei ville Leit feelt et u Startkapital, fir iwwerhaapt unzefänke mat enger energetescher Sanéierung, esou de CSV-Deputéierte Paul Galles.

Am europäesche Verglach gëtt et zu Lëtzebuerg ee generéise Primmesystem, dat sot de François Benoy, Deputéierte vun Déi Gréng. An de leschte Jore gouf et ëmmer nees Upassungen, weiderer solle kommen, esou gëtt och iwwert eng Prefinanzéierung diskutéiert.

Déi Lénk hunn d’Propose gemaach vun enger ëffentlecher Agence, déi geziilt hëlleft, déi Haiser ze sanéieren, wou et am néidegsten ass.

Iddie gëtt et der vill. Eent ass kloer, d’Theeme sozial Gerechtegkeet an energetesch Transitioun gi weesentlech am Walkampf 2023.

Méi Erneierbarer, méi onofhängeg? Verzicht op fossil Energië gëtt net einfach

Back to Top
CIM LOGO