Méi Erneierbarer, méi onofhängeg?Verzicht op fossil Energië gëtt net einfach

RTL Lëtzebuerg
Och zu Lëtzebuerg si vill Leit am Gaang, an erneierbar Energien ze investéieren. Wat sinn d'Méiglechkeeten dofir a wat mécht Sënn?
Verzicht op fossil Energië gëtt net einfach
Och zu Lëtzebuerg si vill Leit am Gaang, an erneierbar Energien ze investéieren. Wat sinn d’Méiglechkeeten dofir a wat mécht Sënn?

Déi ganz Woch gi mer an enger Serie op déi eenzel Aspekter an. Wat kann ech maachen, fir bei eis Doheem méi eegen Energie ze produzéieren an ze consomméieren? Eng Fro, déi sech ëmmer méi Leit stellen. Um Internet fënnt ee vill Informatiounen, scho bal ze vill.

Eng vun den éischten Ulafstellen ass d’Klima-Agence, déi national Berodungsstruktur fir Bierger, Gemengen an de Staat. Den Ament wier d’Demande esou grouss, datt et eng gewësse Waardezäit gëtt, fir iwwerhaapt emol eng Berodung ze kréien.

Photovoltaik vill gefrot

Demanden no Photovoltaik-Anlage sinn an de leschte Joren extrem gewuess, zanter e puer Woche géif et ee reegelrechte Boom ginn, esou d’Energieberoderin Sarah Juchems. Jidderee ka bei sech Doheem um Solar-Kadaster kucken, ob eng Photovoltaik-Anlag Sënn mécht. Et brauch een eng gewësse Fläch an och den Daach muss an déi richteg Himmelsrichtung weisen.

Op fossil Energië verzichten?

Fir méi onofhängeg vum Gas a Masutt ze ginn, froen och ëmmer méi Leit, ob sech eng Wärmepompel bei hinne lount oder ob et eng aner Alternativ, fir ze heizen, gëtt, esou de Fenn Faber, den Direkter vun der Klima-Agence.

E komplette Verzicht op fossil Energië wier kuerzfristeg kaum méiglech. Erneierbar Energië wäerten awer ëmmer méi vum Energiemix ausmaachen.

An den nächsten Deeg gi mer op de Primmesystem an an och op déi sozial Komponent mat der Fro, wéi ka jiddereen en Deel vun der Energietransitioun ginn?

Back to Top
CIM LOGO