De Gemengeconseiller vun der Piratepartei zu Réimech Daniel Frères ass a senger Funktioun als President vun der Déiereschutzorganisatioun Give us a voice viru Geriicht zu 6 Méint Prisong mat Sursis an enger Geldstrof vun 2.000 Euro verurteelt ginn. Hie soll eng Fra ënner Drock gesat hunn, him hire blesséierten Hond ze ginn a wier wéinst Vertrauensmëssbrauch an Outrage géintiwwer der Force publique beschëllegt ginn. Hie soll e Polizist belunn hunn.
De Concernéierte selwer erzielt op Facebook eng aner Versioun vun de Faiten an huet ugekënnegt, an Appell ze goen.
D'Parteileedung vun der Piratepartei koum e Samschdeg de Moien zesummen, fir iwwer weider Schrëtt ze decidéieren. Wéi et an engem Communiqué heescht, hätt den Daniel Frères säin direkte Récktrëtt vun alle Parteiämter proposéiert an d'Parteileedung hätt dëst akzeptéiert. Den Daniel Frères war bei der Piratepartei Präsidiumsmember a President vum Bezierk Osten. De Récktrëtt huet den Ament keen Impakt op säi Posten als Gemengeconseiller.
De Sven Clement sot am RTL-Interview, dass ee Vertrauen an d'Justiz hätt, an dass een den Appell géif ofwaarden, éier een iwwert eventuell weider Konsequenze wäert diskutéieren.
Et ass net fir d'éischt, datt d'Pirate wéinst hirem Member Daniel Frères an e schlechte Liicht réckelen. Rezent hat d'Suessemer Députée-Maire vun der LSAP Simone Asselborn-Bintz eng Plainte géint Onbekannt well Give us a voice en anonymme Bréif op hirer Facebook-Säit publizéiert hat, deen hir Déierequälerei reprochéiert huet. De Bréif gouf no der Interventioun vun der Politikerin hirem Affekot geläscht.