De laangjäregen LSAP-Minister ass am Alter vun 81 Joer am Ausland gestuerwen. Schonn an den 60er Joren hat sech de gebiertege Stater an der LSAP engagéiert an huet och no senger aktiver Zäit an der Politik, als fréiere Journalist, seng politesch Meenung weiderhi via Zeitungs-Artikelen a Carte blanchë bei eis op der Antenne, ausgedréckt.
Mir erënneren un e Politiker mat Charakter, deen dofir bekannt war, ni e Blat virun de Mond ze huelen a seng Meenung kloer an däitlech matzedeelen a kontrovers ze diskutéieren.
Hie war ee Politiker mat Ecken a Kanten, eng markant Perséinlechkeet. De Robert Goebbels, 1944 an der Stat gebuer, huet als Journalist beim Tageblatt ugefaangen:
“Ech sinn déi Zäit als Journalist an d’Chamber geschéckt ginn a wann ech mer dann esou vun uewen ugekuckt hunn wat do sou diskutéiert gouf hunn ech mer geduecht , dat kanns du och - a vläicht souguer besser”
An dat huet hie mat Succès. An de 60er Joren hat hie sech schonn an der LSAP engagéiert, war vun 1970 u 15 Joer laang hire Generalsekretär. “Ouni de Rob hätte mer an de 70er kéng sozial-liberal Koalitioun kritt” ,seet een deen et gutt kannt huet:
“No der Spaltung Enn de 60er huet de Rob mam Robert Krieps an dem Jacques Poos d’Partei nei opbaut an et war him ze verdanken, dass et zu der LSAP-DP-Koalitioun koum” seet de Jean Asselborn, fréieren Ausseminister a Parteikolleeg.
1984 an d’Chamber gewielt, ass hien direkt an d’Regierung Santer-Poos komm, als Staatssekretär fir d’baussecht Relatiounen huet hien 1985 d’Accorde vu Schengen ënnerschriwwen a war säi Liewe laang een iwwerzeegten Europäer. De Robert Goebbels war bekannt als ee Mann, deen ëmmer däitlech seng Meenung gesot huet och mol ugeeckt ass.
“Sou wéi ech e kannt hunn, war hien ee wéi ee Bulldozer, wann hien eng Iddi am Kapp hat, huet hie se och duerchgesat”, erënnert sech de Jean Asselborn zeréck.
Stéchwuert Bulldozer: Als Minister fir Wirtschaft, Transport an d’Travaux Publics tëscht 1989 an 99 huet de “Goebbelse Rob” wéi e genannt gouf, e sëllege Stroossen an ëffentlech Bauten ageweit, krut vill Kritik an de gëllene Bagger vum Mouvement écologique: “Jo ech war laang Bauten- an Transportminister an an där Roll huet de Mouvement méi op mech geschoss wéi ech op si”
De Robert Goebbels stoung awer ëmmer zu sengen Iwwerzeegungen, déi hien och nach no senger Pensioun an Artikelen oder Carte blanchen ausgedréckt huet.
“D’Land verléiert net nëmmen ee grousse Politiker, mee och seng Positiounen an Analyse wäerten eis feelen.”
De Robert Goebbels hannerléisst zwee Kanner. Hinnen an de Famillje vum Verstuerwene seet d’RTL-Ekipp op dëser Plaz hiert éierlecht Bäileed.
De Robert Goebbels am Juni 2025 am Background am Gespréich zu 40 Joer Schengen-Accord:
De fréieren EU-Deputéierten am Interview zu der Situatioun an Europa 2016:
De Robert Goebbels 2021 am RTL-Afterwork:
Reportage iwwer den Abschid vum Robert Goebbels am EU-Parlament 2014: