Ëmmer um 17.20 AuerRTL-Afterwork, den entspaanten Interview, dës Woch mam Robert Goebbels

RTL Lëtzebuerg
D'Emissioun RTL-Afterwork vu méindes bis samschdes um 17.20 Auer um Radio a vu samschdes u komplett als Podcast.

De Robert Goebbels ass duerch an duerch Journalist. Hie war awer och Minister an zwou Regierungen a laangjäregen Europadeputéierten. Just säi Wonsch fir Buergermeeschter vun der Stad Lëtzebuerg ze ginn, huet sech ni erfëllt.

Am Gespréich mam Dan Spogen, Raoul Roos, Patrick Kayser a Mike Fandel zielt hie wéi hien e Kachpräis gewonnen huet, dass en déi schéinst Been vun der Spora hat, mam Josy Barthel Reklamm fir Mëllech gemaach huet, an zu Schengen eng Strooss no him benannt ass. An et gëtt flott Anekdoten iwwert déi Häre Kohl, Chirac, Mitterrand a Clinton.

Piano an der RTL City: Erny Delosch

LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg lauschteren.En neien Extrait vun der Emissioun leeft vu méindes bis samschdes um 17:20 Auer um Radio an all Woch samschdes komplett als Podcast op iTunes oder op RTL Play.

Back to Top
CIM LOGO