No Avis vum StaatsrotSchoulflicht bis 18 Joer - Gesetz gouf ugepasst

RTL Lëtzebuerg
De Gesetzesprojet iwwer d'Eropsetze vum Alter vun der Schoulflicht vu 16 op 18 Joer vum Minister Claude Meisch mécht säi Wee.

Am leschte Regierungsrot goufen eng ganz Rëtsch Amendementen ugeholl, déi dem Avis vum Staatsrot Rechnung droen, sou heescht et aus dem Educatiounsministère.

Haaptzil vum Eropsetze vum schoulflichtegen Alter ass et, den Taux vun de Jonken, déi d’Schoulen ouni Diplom verloossen, erof ze drécken an sou géint de Jugendchômage an de schouleschen Decrochage virzegoen.

Den Text war 2021 ewell annoncéiert, mee och zanterhier kritiséiert ginn.

Ëmmerhi ginn et an der Moyenne pro Joer eng 600 mannerjäreg Jonker, déi d’Schoul ouni Diplom ofbriechen - déi grouss Majoritéit dovunner (88 Prozent) stinn duerno ouni Beruff a Perspektiven do.

Zwou Neierunge ginn et och am Gesetzes-Text: deemno ginn et keng geriichtlech Poursuitten, wann d’Schoulflicht-Reglementatioun net agehale gëtt a Jonker, vun op mannst 16 Joer, déi wëlle schaffe goen, kréien d’Méiglechkeet, eng Dispens ze froen, fir net an d’Schoul mussen ze goen.

Et waren absënns d’Sozialpartner, ënner anerem och d’UEL an d’Chambre des Salariés, déi d’Eropsetze vun der Schoulflicht kritiséiert haten: Rieds goung vun “Aewëscherei a Schéiriede vum Decrochage scolaire”.

PDF: Decrochage scolaire

Back to Top
CIM LOGO