Schoulflicht bis 18 JoerGesetzprojet muss no 9 formellen Oppositiounen nach eng Kéier iwwerschafft ginn

Fanny Kinsch
Am Gesetzprojet vum Educatiounsminister Claude Meisch ginn et dem Staatsrot no nach eng Rei juristesch Onsécherheeten.

De Gesetzesprojet fir d’Schoulflicht bis 18 Joer muss nach ee mol iwwerschafft ginn, de Staatsrot mécht ganzer 9 formell Oppositiounen a sengem Avis. Den DP-Educatiounsminister Claude Meisch hat am September 2021 iwwerraschend annoncéiert, datt een an Zukunft misst bis 18 Joer an d’Schoul goen. A sengem Gesetzesprojet ginn et awer eng ganz Rei juristesch Onsécherheeten.

Staatsrot iwwer Scholflicht bis 18 / Reportage Fanny Kinsch

Ënnert anerem ass fir de Staatsrot net kloer, wéi eng Kanner mat der proposéierter Reform vun der Schoulflicht betraff sinn. Steet am Gesetz vun 2009 nach, datt Kanner, déi zu Lëtzebuerg wunnen an d’Schoul musse goen, geet am neien Text vu “Mineure” rieds, déi zu Lëtzebuerg “present” sinn. Wat mat där “Presenz” gemengt ass, wier awer net kloer, sou de Staatsrot, dee proposéiert vu “résidence habituelle” ze schwätzen. Et wier och net ganz kloer, wéini Kanner mussen ufänken, an d’Schoul ze goen. Sou wéi et am Gesetz géing stoen, missten d’Kanner dat Joer an d’Schoul goen, an deem si 4 Joer kréien, och wa si nom 1. September 4 Joer kréien. Allerdéngs géing am Commentaire vum Artikel nach ëmmer stoen, datt d’Kanner an d’Schoul musse goen, wa si bis den 1. September 4 Joer kruten. Och op enger Partie anere Punkte feelt et der héijer Kierperschaft u kloren Definitiounen, wat zu juristeschen Onsécherheet géing féieren.

Donieft stellt de Staatsrot fest, datt am Gesetz Sanktioune virgesi sinn, wann d’Schüler sech net un d’Schoulflicht halen, awer net kloer ass, wat bestrooft gëtt. De Conseil d’état weist drop hin, datt dat net verfassungskonform ass. Da wier och déi selwecht Sanktioun virgesinn, wann e Schüler net an d’Schoul geet a wann d’Eltere keng Excuse ofginn, wat net dem Prinzip vun der Proportionalitéit géing entspriechen, wat och net verfassungskonform wier.

Allgemeng wonnert de Staatsrot sech iwwert d’Argumentatioun vum Ministère, firwat de Schoulalter soll an d’Luucht gesat ginn. Ënnert anerem géing argumentéiert ginn, datt d’Lëtzebuerger Gesellschaft méi komplex an heterogen gi wier. Allerdéngs hätt sech un der Multikulturalitéit an dem Multilinguismus net wierklech eppes geännert zanter der leschter Reform 2009. Da géing am Exposé des motifs och rieds goe vun neien didakteschen Alternativen, ma et géing net erkläert ginn, firwat dës eng Hausse vum Schoulflicht-Alter géingen néideg maachen. Et géing ee sech och froen, firwat dës net elo schonn agesat ginn. D’Auteure vum Gesetzesprojet géingen iwwerdeems schreiwen, datt et géing hëllefen, den Décrochage scolaire erofzekréien, wann ee Mol de Mount am Plaz ee mol d’Joer kontrolléiert gëtt, ob d’Schoulflicht respektéiert gëtt. Dat Argument géing awer éischter géint eng méi laang Schoulflicht schwätzen, well ee sech froe misst, ob et dann net duer géing goen, d’Schoulflicht méi dacks ze kontrolléieren.

Den aktuelle Gesetzesprojet géing dann och keng Alternativ virgesi fir Jonker, déi mat 16 Joer ufänke mat schaffen. Dat wieren awer ëmmerhin 10 Prozent vun deenen, déi mat der Schoul ophalen. Beim Staat géingen et iwwerdeems eng Rei Posten an de Karriäre C an D ginn, bei deenen ee mat 17 Joer kann ufänken - deen Alter géing duerch d’Gesetz implizitt dann ëm e Joer an d’Luucht gesat ginn. De Staatsrot proposéiert, datt eng Ausnam vun der Schoulflicht virgesi gëtt fir Jonker, déi en Aarbechtskontrakt hunn.

Donieft gëtt festgestallt, datt keng zousätzlech Strukture virgesi si fir déi Jonk, déi zousätzlech wäerte mussen an d’Schoul goen.

De Staatsrot freet iwwerdeems, datt verschidden Deeler vum Gesetzesprojet gestrach ginn, well se schonn an anere Gesetzer virgesi sinn, well et Deklaratioune sinn déi just an der Verfassung kënne gemaach ginn, oder well Saache versprach ginn, ouni datt eng konkret Ëmsetzung virgesinn ass. Sou géing zum Beispill an engem Artikel d’Intentioun deklaréiert ginn, datt eng Inclusioun vu Kanner mat spezifesche pedagogesche Besoinen an eng Integratioun vun auslännesche Kanner favoriséiert gëtt, ouni datt dofir konkret Dispositiounen do wieren, wéi dat soll ëmgesat ginn.

Back to Top
CIM LOGO