
Op Päischtméindeg huet de Procureur vum Internationale Strofgeriichtshaff zu Den Haag Karim A.A Khan decidéiert, am Zesummenhang mat der Enquête vum ICC iwwert de Konflikt am Noen Osten, Haftbefeeler géint den israeelesche Premierminister Benjamin Netanjahu, den israeelesche Verdeedegungsminister Yoav Gallant an dräi Vertrieder vun der Hamas unzefroen.
Den Ament ass et un de Riichter zu Den Haag ze decidéieren, ob si Haftbefeeler géint déi genannte Persoune verhänke wäerten. An der Moyenne dauert et zwee Méint, bis eng Decisioun doriwwer fält, ob en Haftbefeel ausgeschwat gëtt oder net.
Allerdéngs hu sech eng Partie Memberlänner vum Internationale Strofgeriicht schonn zu de rezenten Entwécklunge positionéiert. Esouwuel de belschen, wéi och de franséischen Ausseministère hunn ënnerstrach, dass een den ICC an alle Situatiounen a senger Aarbecht ënnerstëtze géif.
Vum belschen Ausseministère heescht et iwwerdeems, dass d’Demande vun den Haftbefeeler e wichtege Schratt bei der Investigatioun vun der Situatioun an der Gazasträif wier. Frankräich huet betount, dass een d’Attack vun der Hamas verurteele géif, awer och schonn zanter Méint drop poche géif, dass dat humanitäert Vëlkerrecht an der Gazasträif géif agehale ginn.
Den Europäesche Aussebeoptragte Joesp Borell ass op sengem offiziellen Account op der Social-Media-Plattform X iwwerdeems nach méi konkret ginn. Hien huet ënnerstrach, dass alleguer d’Länner, déi de Statut vum ICC ratifizéiert hunn, dem Geriicht seng Decisioune missten ëmsetzen.
Et goufen allerdéngs och kritesch Stëmmen zum Virgoe vum ieweschte Procureur vum Internationale Strofgeriichtshaff. Den US-President Biden huet vun engem Skandal geschwat. De brittesche Premier Sunak huet op enger Entrevue mam éisträichesche Kanzler Nehammer gewarnt, dass een Israel als demokratesche Staat an d’Hamas net gläichstellen dierft.
Och den éisträichesche Regierungschef war der Meenung, dass d’Virgoe vum Procureur an enger schwiereger Zäit fir Israel net hëllefräich wier.
Am Lëtzebuerger Staatsministère hält ee sech den Ament mat enger Positionéierung nach zeréck. Op Nofro wollt ee sech en Dënschdeg weder zur Argumentatioun vum Procureur vum Internationale Strofgeriicht äusseren, nach wollt ee bewäerten, ob d’Virgoe vum Karim A.A. Kahn zu enger Eskalatioun vun der Situatioun am Noen Oste kéint bäidroen. Och op d’Fro, wéi d’Lëtzebuerger Autoritéite sech verhale géifen, am Fall wou eng vun de genannte Persoune Lëtzebuerger Territoire géif betrieden, huet de Staatsministère sech net geäussert.
Et wier am Moment esou, dass d’Regierung an de Premierminister keng lafend juristesch Prozedure kommentéiere géifen.
Lëtzebuerg gehéiert zu den 124 Länner, déi den Internationale Strofgeriichtshaff unerkennen.