Procureur vum Internationale Strofgeriichtshaff freet Haftbefeel géint Netanjahu

De Procureur général vum Internationale Strofgeriichtshaff huet e Mandat d'arrêt géint ë.a. den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu gefrot.
De Procureur général vum Internationale Strofgeriichtshaff Karim Khan huet e Mandat d'arrêt géint den israeelesche Premier Benjamin Netanjahu an den israeelesche Verdeedegungsminister Joav Gallant gefrot, grad ewéi awer och géint dräi Hamas-Cheffen. Dat wéinst presuméierte Krichsverbriechen a Crimme géint d'Mënschlechkeet.
An engem Communiqué deklaréiert de Chefprocureur vun der Cour pénale internationale, dass se genuch Elementer gesammelt hätt, fir raisonnabel unhuelen ze kënnen, dass de Benjamin Netanjahu an den israeelesche Verdeedegungsminister Yoav Gallant strofrechtlech responsabel kënne gemaach ginn, fir Krichsverbriechen a Crimme géint d'Mënschlechkeet op palestinenseschem Staatsterritoire, zanter dem 8. Oktober 2023.
Haftbefeeler goufen och ugefrot fir d'Hamas-Leader Yayha Sinwar, Mohammed Diab Ibrahim al-Masri an Ismail Haniyyeh.
De Sëtz vum Internationale Strofgeriichtshaff ass zu Den Haag.
Israeeleschen Ausseminister: "eng historesch Schan, un déi sech ëmmer erënnert géif ginn"
D'Nouvelle kënnt an Israel wéineg iwwerraschend guer net gutt un.
Den israeeleschen Ausseminister Israel Katz hëlt et dem Procureur ganz iwwel, dass hien de Premier an den Defenseminister vum Staat Israel an engem Otemzuch mat "den Nazi-Monstere vun der Hamas" nennt. Dat ass dem Katz no "eng historesch Schan, un déi sech ëmmer erënnert géif ginn".
Den israeeleschen Ausseminister schwätzt weider vun enger skandaléiser Decisioun an enger frontaler Attack op d'Victimme vum 7. Oktober.
Hien huet annoncéiert, Israel géif e Comité an d'Liewe ruffen, fir géint déi Decisioun vum Procureur vum internationale Strofgeriicht virzegoen.
Fir d’Hamas ass d’Uklo och net ubruecht. Riichter an Henker géifen hei gläichgesat.
Weider international Reaktiounen
Nodeems de Chef-Procureur vum internationalen Strofgeriichtshaff zu Den Haag Mandat d’arrêten ausgeschwat huet géint den israeelesche Premier Netanjahu a säin Defenseminister, grad wéi géint 3 Hamas-Cheffen ginn et international eng helle Wull vu Reaktiounen dodrobber.
Den US-President Biden nennt dat Virgoe skandaléis. De brittesche Premier Sunak fënnt och, et géif der Saach wéineg déngen, fir am Gaza-Konflikt endlech eng Waffepaus ze erreechen.
Éisträich a Frankräich hunn iwwerdeems wësse gedoen, et kéint een d’Argumentatioun vum Strofgeriichtshaff awer duerchaus novollzéien.
Fir d’Hamas ass d’Uklo och net ubruecht. Riichter an Henker géifen hei gläichgesat.