
De Statec hätt - wéi versprach - d’Berechnungen, déi een deemools fir d’Tripartite aktualiséiert hat, analyséiert. Dobäi wier een zum Schluss komm, dass d’Mesuren aus der Tripartite op alle Fall fir dëst Joer de Verloscht vun der Kafkraaft generéis géingen ausgläichen, erkläert de Serge Allegrezza. Aktuell léich d’Inflatioun bei 5,8 Prozent.
Fir 2023 rechent de Statec an hirem zentralen Zenario mat engem kuerzen Ukrain-Krich, engem endemesche Coronavirus, manner Drock op de Präisser an enger net all ze restriktiver Geldpolitik mat manner Inflatioun. An deem Zenario léich ee warscheinlech bei enger Inflatioun vun 2,8 Prozent - ma hei géifen et nach Onsécherheete ginn.
Esou kéint ee Stopp vu russeschem Pëtrol an en Ukrain-Krich, deen nach méi wäit bis an d’Joer 2023 géif daueren, d’Inflatioun méi héich hale wéi déi geschaten 2,8 Prozent. Deen Ament wier ee bei iwwer 4 Prozent. An deem Fall misst d’Tripartite nees zesummekommen. D’Banque centrale géif d’Taux d’intérêts unhiewen an domat kéint een och eng Rezessioun aktuell net ausschléissen.
Am éischten Trimester ass d’Lëtzebuerger Wirtschaft awer weider gewuess, och wann de Krich an der Ukrain sech bei den Entreprisen, beim Eenzelhandel an och bei de Consommateure bemierkbar gemaach huet.