Eng besser an direkt Kommunikatioun, méi Formatioun an d'Interête vun de Gemenge méi aktiv vis-à-vis vun der Regierung vertrieden: Dat wiere Fuerderungen, déi d'Membere vum Syvicol hunn, wéi e rezente Sondage iwwert d'Zukunft vum Gemengesyndicat gewisen hätt.
Dat huet de Syvicol-President Emile Eicher e Méindeg de Mueren am RTL-Interview erkläert.
A virtuelle Workshoppe wëll een déi verschidde Sujeten elo verdéiwen. Éischt konkret Schrëtt wieren awer scho gemaach ginn, zum Beispill mat engem Whatsapp-Grupp vun de Buergermeeschter. Dee kéint ausgebaut ginn. Dernieft misst och méi iwwert déi sozial Medien an interaktiv kommunizéiert ginn. D'Formatioune sollen och ausgebaut a méi breet gefächert ginn.
E Méindeg de Moie war de President vum Gemengesyndikat Syvicol eisen Invité vun der Redaktioun.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op der App ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.