Nom uerge Brand zu Crans-MontanaUm Findel hunn zwou franséisch Ambulanze Patienten aus der Schwäiz ofgeholl

RTL Lëtzebuerg
Déi Patiente ware mat engem Schwäizer Jet op de Findel komm.

Den CHR Metz-Thionville zu Mercy (F) huet Verletzter vum Drama zu Crans-Montana an der Schwäiz opgeholl. Eng jonk Fra gouf e Freideg iwwer d’Strooss vu Genf aus an d’Zentrum fir schwéier Verbrennungen transportéiert.

E Samschdeg sinn nach zwou schwéier verbrannte Persounen per Fliger op de Findel komm a goufen duerno mat der Ambulanz op Mercy bruecht.

D’Police de la Route huet se spéider dann och nach bis a Frankräich eskortéiert.

Back to Top
CIM LOGO